Speziell Killung huet missen agesat ginnRyanair-Maschinn hat Problemer mat de Bremsen, CGDIS war no Landung um Findel sur Place

David Winter
Dat confirméiert de CGDIS op eis Nofro hin. Kengem Mënsch ass eppes beim Tëschefall passéiert.
Dës Foto ass eng Archiv-Foto an huet näischt mam genannte Virfall ze dinn.
© RTL Archiv

Um kuerz no 22 Auer goufen de CGDIS an d'Pompjeeë vum Fluchhafen op de Findel geruff, dat nodeems eng Maschinn vu Ryanair déi um Wee op Lëtzebuerg war, nach an der Loft Problemer mat de Bremse gemellt hat.

Wéi et op Nofro heescht, huet eis de CGDIS confirméiert, dass d'Pompjeeë vum Fluchhafe sech och scho prepositionéiert haten, iert de Fliger iwwerhaapt um Buedem stoung.

Wéi weider präziséiert gouf, konnt de Fliger ouni Problemer landen, d'Temperatur vun de Bremse goufe säitens de Rettungsekippen op der Plaz gecheckt an d'Bremse selwer goufe mat enger spezieller Belëftung ofgekillt.

Back to Top
CIM LOGO