De suspendéierten Orthoped Philippe Wilmes hat op enger Pressekonferenz e Freideg géint d'Gesondheetsministesch Martine Deprez ausgedeelt. Hien huet op d'mannst den Uschäin opkomme gelooss, dass d'Ministesch aus politeschem Desaccord mat him gehandelt kéint hunn.
D'Ministesch widderspriecht deem awer a seet, weiderhin hannert hirer Decisioun vun der Suspendéierung ze stoen.
"Firwat soll ech e perséinleche Konflikt mam Dokter Wilmes hunn? Den Dr. Wilmes kennen ech indirekt iwwer Koalitiounsverhandlungen. A fir de Rescht hunn ech kee perséinleche Konflikt mam Dokter Wilmes", huet d'Martine Deprez e Mëttwoch an der Chamber op d'Fro geäntwert, ob si e perséinleche Konflikt mam Philippe Wilmes hätt.
Wärend der Pressekonferenz hat dësen awer en anert Bild gezeechent. D'Zesummenaarbecht vun annerhallwem Joer, vun Ufank 2024 un, beschreift hien als méi intensiv. Et wier méi wéi sech indirekt kennen. De Philippe Wilmes huet vun SMS-Austausch an enger Partie perséinlechen Treffe mat der Ministesch geschwat.
Dëst niéiert d'Martine Deprez net. Si hätt ni tel quel gesot, keng Aarbechtsrelatioun mat him gehat ze hunn, präziséiert awer weider: "Ech hunn eng Aarbechtsrelatioun net nëmme mam Dokter Wilmes. Ech hunn eng Aarbechtsrelatioun mat villen Dokteren. Ech schwätze mat villen Dokteren. Ech kréien Dokumenter vu villen Doktere geschéckt. Dat do ass eng ënner villen."
E perséinleche Problem hätt si mat him op alle Fall net, huet si nach eng Kéier betount.
Nodeems de Philippe Wilmes am Dezember 2024 e strategesche Pabeier mat aneren Acteuren aus dem Secteur iwwert d'Zukunft vum Gesondheetssecteur ausgeschafft hat, war ee sech op ee Mol net méi eens. "Ech perséinlech hat d'Gefill, dass do ëmmer manner Wëlle wier, fir dat ëmzesetzen, wat dës Regierung sech virgeholl huet", betount de Philippe Wilmes.
An engem Bréif iwwert d'Martine Deprez un de Premier wier hien den 12. Oktober zejoert zu der Conclusioun komm: "Mat him ass de Koalitiounsaccord net ëmsetzbar. Do besteet e fundamentale bannenzege Blockage, deen hatt net iwwerwonne kritt. Hatt kann et net an hatt wëllt et net."
D'Martine Deprez weist sech, dorop ugeschwat, onbeandrockt. Seet esou Wieder géinge si weider motivéieren, hir Aarbecht ze maachen. Et wäert een dat ëmsetzen, wat am Koalitiounsaccord steet, am Aklang mat de Fraktiounen, seet si. Am Hierscht hätten dës nach eng Kéier gesot, dass si am konventionéierte System wéilte bleiwen a keng Zweeklassegesellschaft wéilte schafen.
De Philippe Wilmes huet dann nach Rumeure vun Enn zejoert opgegraff, deenen no d'Martine Deprez op hirem Poste gewackelt hätt. Ebe well si net mam Koalitiounsaccord virukéim.
"Sou Rumeuren hunn ech héieren, mee sou Rumeure kommentéiere mir net. Dat si Saachen, déi dobaussen diskutéiert ginn. Dat ass intern net diskutéiert", seet dozou d'Martine Deprez.
Ma si huet betount, dass si d'Saach am Grëff hätt. Op Nofro hi seet si, dass den Dossier Wilmes net misst zur Chefsaach ginn, mee si hir Aufgab géing erfëllen. Si wier am Renge mat hirer Decisioun an hätt net méi an net manner gemaach, wéi dat wat d'Gesetz géing virschreiwen.