Invité vun der Redaktioun (28. Abrëll 2026) - Prof. Dr. Herbert Brücker"Mir hunn et gepackt": 67% vun de Flüchtlinge schaffen an Däitschland

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie war d'Migratioun an Europa Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Prof Dr Herbert Brücker
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Wir schaffen das", hat déi deemoleg Bundeskanzlerin Angela Merkel iwwer déi grouss Flucht-Beweegung vun 2015 gesot. An aus der Perspektiv vum däitschen Aarbechtsmaart hu mer et gepackt. Dat sot den däitsche Migratiounsfuerscher Prof. Dr. Herbert Brücker. Den Direkter vum Institut fir Integratiouns- a Migratiounsfuerschung a Professer op der Berliner Humboldt-Universitéit war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. 67 Prozent vun de Leit, déi an Däitschland opgeholl goufen, schaffe mëttlerweil, am Verglach mat 70 Prozent vum Duerchschnëtt. Dobäi géingen nach 5 Prozent Selbststänneger kommen. 2015 hätt hien allerhéchstens mat just 50 Prozent gerechent, sou den Invité.

Geflücht Frae sinn däitlech benodeelegt

Frae wieren allerdéngs just zu 40 Prozent beschäftegt, seet de Migratiounsfuerscher. Dat hätt een och ënnersicht. Den Haaptfacteur wier wuel d'Unzuel u Kanner. Geflücht Fraen hätten am Duerchschnëtt 3 Kanner. Eng däitsch Fra 1,2 Kanner. An d'Kannerbetreiung wier schlecht. Do wieren d'Fraen däitlech benodeelegt: "D'Männer maachen ongeféier esou wéineg an de Stéit, wéi déi däitsch Männer. Dat heescht wéineg." Dat wier den Haaptpunkt. Donieft hätten d'Fraen, grad aus dem Afghanistan, ganz wéineg Bildung. Wann iwwerhaapt, da just d'Grondschoul. An d'Fraen hätten och däitlech méi traumatesch Erliefnisser gehat an hirem Liewen wéi d'Männer. Si wieren also gesondheetlech beanträchtegt.

De Facteur "Zäit" ass immens wichteg fir d'Integratioun an den Aarbechtsmaart

Mat zu enger erfollegräicher Integratioun bäigedroen hätt virop, dass een d'Asyl-Prozeduren drastesch gekierzt huet. Et hätt een d'Leit direkt a Sprooch- an Integratiounscoursë geschéckt. Si hätten och a Formatioun an Aarbechtsvermëttlung investéiert. An 3 bis 4 Joer duerno, hätt ee gesinn, dass d'Beschäftegungsquoten an d'Luucht gaange sinn. Wichteg wier och de Facteur Zäit. Wat ee méi laang net schafft, wat et méi schwiereg gëtt, agestallt ze ginn. Dat géing een och bei däitschen Aarbechtslose constatéieren.

Grousse Feeler: Flüchtlingen a Struktur-schwaach Regioune setzen

E grousse Feeler, deen an Däitschland gemaach gouf, ass, dass vill Flüchtlingen a Regioune mat manner gudde Strukturen ënnerbruecht goufen. Do wier Wunnen zwar méi bëlleg, mee d'Aarbechtsmaartkonditioune manner gutt. Dat hätt d'Aarbechtsquoten ëm 5 bis 6 Prozent erofgesat. An den zweete Punkt wier, dass een an Däitschland ee gemëschte Bléck op "d'Willkommenskultur" hätt. Op ville Plaze wier déi Kultur ganz auspräägt a positiv. Mee et géing och eng grouss Haass-Kultur ginn an an deene Regiounen, wou een dat gesäit, géing d'Integratioun och vill méi schlecht lafen.

Leeft d'Integratioun besser an de Stied a manner gutt um Land?

Dorop äntwert de Professer, dass dat vum Bundesland ofhängeg wier. A verschiddene Regiounen an Ostdäitschland wier dat ganz kloer de Fall. Mee och a West-Däitschland géing et bestëmmt Regioune ginn, wou de Refus vu Flüchtlinge staark verankert ass, mat ville rietsextremen Demonstratiounen. Dat géing een och wëssenschaftlech moosse kënnen, dass do wou den negative Ressentiment am Gréissten ass a wou een och op de soziale Medie villes dozou fënnt, do wieren d'Beschäftegungsquoten an och d'Léin ëm 5 bis 6 Prozent méi niddereg. Dofir hätt een engersäits analyséiert, wéi vill Leit rietspopulistesch Parteie wielen an u rietsextremen Demonstratiounen deelhuelen a wat si sou op de soziale Medie posten, erkläert de Professer.

Lëtzebuerg bräicht och méi kuerz Asyl-Prozeduren

Och zu Lëtzebuerg géif et der Integratioun vu Flüchtlingen hëllefen, d'Asyl-Prozeduren ze acceleréieren, Sproochecoursen ze stäerken an den Accès op den Aarbechtsmaart ze vereinfachen. Wichteg wier och, dass e Verbuet fir am Ufank schaffen ze goen, direkt ofgeschaaft gëtt. Dat wier komplett iwwerflësseg. An Däitschland géing een och eng Konzentratioun vu Flüchtlingen a bestëmmte Branchen observéieren. Fir Frae wieren et dacks systemrelevant Beruffer am Gesondheetsberäich oder am Sozialen. Fir Männer wieren et virop Beruffer am Beräich Verkéier, Logistik an Handwierk. Dacks wieren et also och Beruffer, déi manner gutt bezuelt, mee ganz wichteg sinn. Et wieren awer net just geréng qualifizéiert Beruffer. Déi gréisste Grupp un auslänneschen Dokteren an Däitschland wieren zum Beispill Syrerinnen a Syrer, erkläert de Migratiounsfuerscher Herbert Brücker.

Invité vun der Redaktioun: Prof Dr Herbert Brücker

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO