Eng Fra gouf e Freideg de Moien zu Kielen vun engem Fuuss gebass. Dat hat d'Wort gemellt. D'Fra souz géint 7 Auer op hirer Terrass e Kaffi ze drénken, op emol hätt e Fuuss eng 30 Zentimeter vun hir ewech gestanen. D'Déier hätt se an d'Been gebass a wier du fortgelaf.
Et war net den éischte Virfall mat engem Fuuss am Kielener Eck, dat huet déi zoustänneg Natur a Bëschverwaltung op RTL-Nofro hi confirméiert. Vun Tollwut geet een net aus, nawell gi lo Mesurë getraff.
Bannent de leschten zwou bis dräi Woche sinn zu Kielen 3 Leit vun engem Fuuss gebass. Net am Bësch selwer, mä an der Uertschaft. Dëst Verhale vun dësem Déier wier net normal an awer z'erklären, seet den Dr. Laurent Schley, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung.
Dës Attacken op Leit wier op en Eenzeldéier zeréckzeféieren. Nei wier et awer net, datt Fiiss sech bis an d'Uertschaften trauen. Dëse Phenomen géif een déi leschten 30 bis 40 Joer feststellen. Och an anere Länner a Géigenden, betount den Dr. Schley.
Zanter 2004 gëtt et a ganz Westeuropa keng Tollwut méi. An dësem spezielle Fall kéint een dës Krankheet wuel och ausschléissen. Hätt en Tollwut, wär ee bannent e puer Deeg gestuerwen. Aner Krankheete kënnen awer ëmmer erëm opdauchen. D'Verhale vum Kielener Fuuss hätt awer näischt mat der Räude ze dinn. Dëst ass eng Hautkrankheet, déi duerch Milben ausgeléist gëtt.
Elo gëtt versicht, de Kielener Fuuss anzefänken. Dono gëtt en dann op eng déieregerecht Manéier ageschléifert an da gëtt d'Déier am Labo analyséiert.