Vill lass um SamschdegVun Auto am Gruef bis Kollisioun mat Vëlo, Auto op der Kopp an e puer Bränn - 5 Persoune goufe verwonnt

Annick Goerens
Andy Brücker
D'Rettungsdéngschter haten um Samschdeg, respektiv an der Nuecht op e Sonndeg nawell all Hänn voll ze dinn.
© Laurent Weber

Zu Bouneweg gouf et e Samschdeg den Owend géint 17:30 Auer een Accident tëscht engem Vëlo an engem Auto. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Um 17:49 uer ass op der A13 Richtung Schengen tëscht Esch Lalleng a Schëffleng een Auto an de Gruef gaangen. Och do mellt de CGDIS een Blesséierten.

Op der A6 Richtung Stad, tëscht Stroossen an Helfent goufe géint 18 Auer nach eemol zwou Persoune bei enger Kollisioun verwonnt.

Kuerz virun 1 Auer huet sech op der A13 Richtung Péiteng, tëscht Keel a Schëffleng een Auto op d''Kopp geluecht. Och do gouf et ee Blesséierten.

Dobäi kommen dann nach Bränn zu Habscht, Hesper an um Gaalgebierg. Hei blouf et awer all Kéiers beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO