30 Persoune goufe vun der Police interpelléiert. A 16 Fäll ginn et juristesch Suitten, ënnert anerem, well mat Pyrotechnik a Richtung Beamte geschoss gouf.

Zanter dem 15. Januar 2022 gëllt jo de CovidCheck-Regime op der Aarbechtsplaz. Ënnert anerem géint dës Mesure gouf e Samschdeg de Mëtteg demonstréiert. Ufangs war rieds vun 150-250 Persounen. Wéi d'Police elo matdeelt, waren eng 350 Leit op der Plaz.

D'Demonstranten hate sech Rendez-vous fir 14 Auer virun der Stater Gare ginn, fir hei hirer Roserei Loft ze maachen. Du gouf tëscht der Kräizung vun der Glesener Strooss mat der Avenue de la Liberté an der Paräisser Plaz manifestéiert. D'Police hat deen Deel vun zwou Säite blockéiert.

D'Leit goufe gebieden, dës Plaz z'evitéieren. D'Maniff hat och Repercussioune op den Tram-Trafic a gouf géint 19.10 Auer opgeléist.

Am Ganze goufen 30 Persoune vun der Police interpelléiert. A 16 Fäll ginn et juristesch Suitten, ënnert anerem wéinst Rebellioun oder well se mat Pyrotechnik a Richtung Beamte geschoss hunn.

E weidere Rassemblement gouf et um Glacis. Hei hate sech 30 Manifestante versammelt.

Keng Tëschefäll bei Demo e Freideg

E Freideg den Owend kuerz no 18 Auer waren um a ronderëm de Glacis vill Uniforméierter ënnerwee. Nieft der "Marche Blanche Silencieuse" war nämlech och eng Géigendemonstratioun geplangt. Ugemellt war se net. Dofir gouf et en Opruff op Instagram. Um Enn stoungen déi gréisstendeels 15 jonk Leit mat hire Schëlder direkt nieft de Marche-Blanche-Demonstranten um Kierchbierg. Ofgetrennt vun enger Rei aus iwwer 40 Polizisten. "Zentrum 20" nenne si sech.

Den Owend ass awer friddlech verlaf. No ronn enger Dräivéierelsstonn hunn d'Géigendemonstrante sech aus dem Stëbs gemaach. D'Supporter vun der Marche Blanche sinn op der Place de l'Europe bliwwen. Enn Oktober war eng Marche Blanche vun iwwer 3.000 Leit. Zanterhier huet dëse Chiffer awer ofgeholl.