Padem
Weltdag géint d'Mutilatioune vu weibleche Geschlechtsorganer
Weltdag géint d'Mutilatiounen
Hei am Land riskéieren den Ament eng 130 mannerjäreg Meedercher eng Mutilatioun vun hire Geschlechtsorganer.
Hei am Land riskéieren den Ament eng 130 mannerjäreg Meedercher eng Mutilatioun vun hire Geschlechtsorganer.
Dëse Chiffer ass net erfonnt, mee ass d'Conclusioun vum europäeschen Institut fir d’Egalitéit tëscht Mann a Fra. Déi meescht concernéiert Meedercher am Grand-Duché kéimen aus Erytréa.

Schonn eleng dofir ass et wichteg, dass ONGen ewéi d’PADEM – dat steet fir «Programmes d’Aide et de Développement destinés aux Enfants du Monde », och vun der Lëtzebuerger Politik ënnerstëtzt ginn, erkläert de Stater Schäffen Maurice Bauer.
Um Sonndeg war den internationalen Dag géint d’Mutilatiounen vu weibleche Geschlechtsorganer.
Den Ament ass och eng Ausstellung an der Stater Gare zu dësem Thema.
Am meeschte gelies