D'RTL-Reporterin Annick Goerens sëtzt och en Donneschdeg nees an engem Bus an Direktioun polnesch-ukrainesch Grenz a suivéiert d'Hëllefsaktioun.

Ëmmer méi privat Initiative lancéiere sech nieft de bekannten Associatiounen an Organisatiounen, fir Hëllef fir d‘Ukrain ze organiséieren a Flüchtlingen op Lëtzebuerg ze bréngen. E Mëttwoch goung et iwwer 17 Stonnen an iwwer 1300 Kilometer Richtung Warschau. D'Hëllefsgidder goufen an een Depot bruecht an en Donneschdeg geet et weider bis op d‘Grenz mat der Ukrain.

An alles huet ugefaangen, well de Julien Doussot, e Fransous, deen zu Lëtzebuerg lieft a schafft, a seng Fra d‘Tetiana Tarasenko, eng ukrainesch Affekotin, déi och am Grand-Duché schafft, hir Famill an hir Kolleegen, déi aus Kiew geflücht sinn, wollte retten. Ugangs wollte si einfach mat enger Camionnette eroffueren, ma de Projet huet sech bannent 4 Deeg däitlech vergréissert.

"
C‘est à dire que maintenant on a un bus de 54 places. On doit avoir au moins une tonne et demie, voire 2 tonnes de matériel et on part pour aller chercher une quarantaine de personnes."

Eigentlech war et geplangt, dem Tetiana säin Brudder a seng Mamm, déi op Lviv geflücht waren, eraus a mat Heem ze huelen. Et goufen e Mëttwoch awer schlecht Noriichte fir d‘Ukrainerin.

"Si sinn zeréck op Kiew gaangen, well mäi Brudder kann net méi inaktiv bleiwen. Hie wäert en Donneschdeg op de Militär-Stëtzpunkt goen, fir da vun do an de Krich geschéckt ze ginn. Meng Mamm ass och midd. Si huet elo bei Frieme gelieft. An donieft kënnt nach derbäi, dass se limitéiert ass. Se ka sech net gutt beweegen. Dat heescht si kéint emol net fortlafen, wa se misst. An dovun ofgesinn, huet si mir elo gesot, wann ech stierwen, dann hei heem a menger Heemecht. A mir si schockéiert an ech kann iech dat Gefill net beschreiwen, wéi et sech ufillt wann s de mierks, dass de denger Famill net hëllefe kanns."

44 Refugiéeë sollen dofir awer e Freideg mat am Bus fir heem sëtzen. Dat ass awer just déi éischt Etapp, erkläert de Julien Doussot.

"J‘ai envie de dire, les problèmes commençent là, parce qu‘on va chercher des gens qui n‘ont plus rien du tout. Pour beaucoup ils sont partis en train avec un sac à dos et ils ont laissé toute leur vie derrière eux. Et il y a juste à regarder la télé pour regarder que dans beaucoup d‘endroits tout a été complètement détruits. Donc il faut qu‘on arrive à prendre soin de ces gens-là."

Et geet net duer, d‘Leit einfach op Lëtzebuerg ze bréngen. Dofir hätt een d‘ASBL "Slava Ukrayini Luxembourg" gegrënnt. Mat Hëllef vu Benevolle stinn elo mol kuerzfristeg Logementer prett, mee dat wier just provisoresch.

"C‘est à dire que derrière il va falloir voir avec les autorités. Il va falloir que les autorités puissent trouver des logements plus pérennes. Il va falloir que les enfants puissent aller à l‘école. Mais tout ça va mettre du temps. Les autorités luxembourgeoises sont fantastiques, franchement je vis depuis des années au Luxembourg et j‘adore, mais ils sont juste pas rapides."

Dofir wier een elo op Donen ugewisen, fir de Leit kënnen d‘Versuergung esou laang ze garantéieren, bis de Staat dat iwwerhëlt, sou de Julien Doussot.

RTL