
Nom Ugrëff duerch Russland huet d'Ukrain de Krichszoustand ausgeruff. Hëllefsorganisatioune sammele Spende fir d'Mënschen am Land.
Nieft Care, Caritas, der Croix-Rouge ass och d'Unicef sur place aktiv, dës ONG fäert ëm d'Liewen an d'Wuel vu bal 8 Millioune Kanner am Krichsgebitt. All dës Hëllefsorganisatiounen hunn dowéinst elo Spendenopriff gemaach.
Den Iwwerbléck
- Unicef Lëtzebuerg sammelt Spende fir Hëllefsgidder, virun allem fir betraffe Kanner an der Ukrain.
- Caritas Lëtzebuerg huet schonn eng Starthëllef vu 50.000 Euro bereetgestallt. Ma fir méiglechst ville Mënschen ze hëllefen, gëtt nach méi Ënnerstëtzung gebraucht.
- Care ass extrem besuergt iwwert d'Wuel vu Fraen a Kanner an der Regioun. Ënnert anerem déi déif Temperaturen an der Ukrain am Moment maachen d'Flucht aus dem Land ëmsou méi schwéier.
- Croix-Rouge Lëtzebuerg huet en Appell gemaach, de Leit an der Ukrain ze hëllefe mat engem Don.
- Op der Plaz am Asaz ass och Médecins sans Frontières. Och hei ginn Done gebraucht.
- Och SOS Villages d’Enfants Monde lancéiert en Appell un d'Solidaritéit.
- Och d'ASBL LUkraine sammelt Spende fir d'Leit an der Ukrain, dat ënnert anerem fir medezinesch Provisiounen.
- D'Kindernothilfe Luxembourg ënnerstëtzt Direkthëllef fir Flüchtlingen aus der Ukrain a rifft zu Spenden op.
- Och d'Pharmaciens Sans Frontières sammele Spende fir de Leit an der Ukrain ze hëllefen.
- Den Ordre de Malte Luxembourg rifft och d'Leit op, fir Sue fir d'Leit aus der Ukrain ze spenden.
- Och Médecins du Monde lancéiert en Appell fir ze spenden.
- Hëllef bitt och d'ASBL Passerell Humanisons le droit d'asile un.
- Handicap International huet och ee Spendenopruff lancéiert.
- Spende fir d'Ukrain kann een och beim Ordre de Malte Luxembourg.
- De Lions Club Mameranus weist sech och solidaresch mat der Ukrain a sammelt dofir Donen. Detailer ginn et um Internetsite.
- Och bei der Fondation Kiwanis kënnt dir mam Stéchwuert "Ucrania refugees" Geld spenden.
- D'Gemeng Leideleng engagéiert sech zesumme mat der Associatioun HUK fir d'Krichsaffer aus der Ukrain.
Wunnraum ubidden
Vill Leit aus der Ukrain sinn den Ament op der flucht a Richtung Westen a sichen no enger Plaz, wou op d'Mannst iwwergangsweis zur Rou komme kënnen.
- Wien en Zëmmer oder souguer e bësse méi Plaz fir Leit aus der Ukrain zur Verfügung stelle kann, ka sech iwwer d'Hotline vun der Caritas an dem Roude Kräiz, déi mat Ënnerstëtzung vum Familljeministère opgeriicht gouf, mellen. D'Telefonsnummer ass +352 621 796 780, d'Mail-Adress ass Ukraine@zesummeliewen.lu. Dës Telefonsnummer ass vu méindes bis freides vun 8.30 bis 12 Auer a vun 13 bis 17 Auer besat. Leider sinn net genuch Leit do fir méi Disponibilitéite kënnen unzebidden. D'Email funktionéiert 24/7 a vill Benevolle schaffen och de Weekend duerch, fir de Honnerten Ufroen entgéintzekommen. Et gëtt en Online-Formular mat weidere Froen, duerno gëtt bei jidderengem eng Visitt doheem gemaach, fir sech ze vergewësseren, datt déi richteg Leit beieneekommen. Den Dispositif beim "familles d'accueil" gëtt verstäerkt mat 3 Leit bei der Croix-Rouge an 3 Leit bei Caritas, fir esou séier wéi méiglech operationell ze sinn.
- Fir d'Groussregioun: Och iwwer d'Initiative #Unterkunft kann ee Wunnraum inseréieren. Et ass e gemeinsame Projet vun der GLS-Bank, Ekosia, Betterplace.org an Elinor. Iwwer d'Plattform Host4Ukraine kann een Ukrainer op der Flucht och seng Gaaschtfrëndschaft ubidden.
Weider Infoe vun der Regierung, wéi een der Ukrain Hëllef zoukomme loosse kann a wéi eng Demarchen Ukrainer, déi zu Lëtzebuerg ukommen, maache mussen, ginn et hei.
Infoen fir Leit aus der Ukrain, déi mat Hausdéieren op Lëtzebuerg geflücht sinn, ginn et hei.
www.ukrain.lu - Hëllef fir d'Ukrain - Iwwersiicht vun Hëllefsaktiounen zu Lëtzebuerg