25.000 Signature wieren néideg gewieschtJust 966 Ënnerschrëfte fir e Verfassungs-Referendum zum Kapitel II era komm

RTL Lëtzebuerg
Et sinn net genuch Signaturen zesummekomm, fir ee Referendum zum Kapitel II vun der neier Verfassung ze organiséieren.
© RTL-Archiv

De Staatsministere en Dënschdeg Zuelen zu den Ënnerschrëfte publizéiert, déi an de Gemengen agereecht goufen. Insgesamt hunn uechtert d’Land 966 Leit eng Signaturen ofginn. Zwou Ënnerschrëfte waren allerdéngs ongülteg, esou datt den Total nach bei 964 läit.Fir d’Demande no der Organisatioun vun engem Referendum zu der neier Verfassung duerchzesetzen, wieren allerdéngs 25.000 Ënnerschrëften néideg gewiescht.Deemno kënnt et och iwwert dat zweet Kapitel vun der Verfassung net zu engem Referendum mee zu engem zweete konstitutionelle Vott an der Chamber, nodeem den éischte Vott ewell de 25. Januar um Krautmaart war. Deen zweete Vott kann elo geschéien.D’Resultat vun der Ënnerschrëften-Kollekt an allen 102 Gemenge kann awer bannent de nächste fënnef Deeg vun all Wieler beim Verwaltungsgeriicht kontestéiert ginn.Och zu anere Kapitele vun der neier Konstitutioun wäert et kee Referendum ginn. D’Demande zu engem Referendum iwwer d’Justizkapitel war mat 7.400 Ënnerschrëfte gescheitert, bei enger zweeter Kollekt zu anere Kapitele ware just 1.652 valabel Signaturen zesummekomm.

D’Schreiwes vum Staatsministère

Communiqué de presse par le Premier ministre, ministre d’État, concernant le résultat de la collecte des signatures en vue de l’organisation d’un référendum sur la proposition de révision du chapitre II. de la Constitution (24.05.2022)

Communiqué par : ministère d’État

La vérification des résultats de la collecte des signatures déterminés par chaque commune donne, pour l’ensemble des communes, le nombre total suivant:

  • Inscriptions reçues: 966
  • Inscriptions nulles: 2
  • Inscriptions valables: 964

Vu que le nombre total des inscriptions valables est inférieur à vingt-cinq mille signatures, la demande du 14 mars 2022 visant l’organisation d’un référendum sur la proposition de révision du chapitre II. de la Constitution n’a pas abouti.

La détermination et la constatation du résultat peuvent être contestées par tout électeur devant la Cour administrative endéans les cinq jours de la date de la publication des résultats au Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, Mémorial A, sous peine de forclusion.

Back to Top
CIM LOGO