D‘Inneministesch Taina Bofferding wëll de Reproche vun de Piraten net am Raum stoe loossen, datt si sech dem Dossier SIGI net wéilt unhuelen.

Natierlech géif et si eppes ugoen an dofir hätt si d'lescht Woch de Büro vum Gemengesyndikat an de Ministère invitéiert, fir deem säi Point de Vue erkläert ze kréien, heescht et en Donneschdeg de Moien aus dem Ministère.

Allerdéngs hätt d'Ministesch tatsächlech keng grouss Handhab an dëser Saach. D'Responsabilitéit léich beim Büro vum SIGI. Déi Usiicht wier och vun alle Säiten an der zoustänneger Chamberkommissioun gedeelt ginn, ausser vun de Piraten.