Bal zwou an eng hallef Stonne souze Regierung a Patronat e Mëttwoch zesummen, fir d'Tripartite, déi e Sonndeg ufänkt, ze preparéieren.

Datt d'Entrevue sou laang gedauert huet, louch drun, datt een d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie bis an de Fong diskutéiert huet. Souwuel d'Vertrieder vun de verschiddene Wirtschaftssecteuren, wéi och de Statec hunn hir Zuele presentéiert. Dem President vun der UEL, Michel Reckinger, no wieren d'Chiffere vun deenen zwou Säite ganz änlech a géinge beleeën, datt Lëtzebuerg op haart Zäiten zousteiert.

Extrait Michel Reckinger (1)

Nieft de Bauentreprisë wiere wéinst deenen héijen Energiepräisser an hire Suitten awer och d'Industrie an d'Fongen haart getraff. Virun deem Hannergrond schwätzt ee sech bei der UEL och kategoresch dogéint aus, datt d'Tripartite zu enger renger Diskussioun ëm den Index gëtt. Fir déi nächst 18 Méint misste vill méi wäitreechend Mesurë wéi d'Ausbezuele vun Indextranchen ëmgesat ginn.

Michel Reckinger: Et ass ganz kloer, datt d'Diskussioun doriwwer, wat mer dono fir Menagen a Betriber, deenen et schlecht geet, maache mussen, substantiell muss sinn. Doru wäerten och d'Betriber hiren Undeel hunn. Mee komm mir ginn eis mol eens doriwwer, wat brauche mer a wie braucht wat, fir duerch de Bësch ze kommen. An da kucke mer, wat eis dat kascht a wéi mer dat finanzéieren. Ech hu gesot, den Index ass wéi eng Aspegic géint Kappwéi, awer eis Ekonomie huet de Schësser.

Extrait Michel Reckinger (2)

Wärend den UEL-President Michel Reckinger no der Sëtzung een däischtert Bild vun der ekonomescher Situatioun gezeechent huet, hunn d'Nora Back, de Patrick Dury an de Romain Wolff betount, datt tëscht si kee Blat Pabeier passt. Nora Back: Déi dräi national representativ Gewerkschafte ginn zesummen an déi Verhandlungen, mir hunn eis zesumme preparéiert a wäerten d'Verhandlungen zesumme féieren.

Patrick Dury: D'Gewerkschafte leien op enger Linn a gi gemeinsam an déi Tripartiteverhandlungen eran.

Romain Wolff: Mir gi gemeinsam an déi Verhandlungen eran, gemeinsam, zesummen.

Vill méi wollten d'Presidente vun OGBL, LCGB a CGFP e Mëttwoch den Owend net soen. Et misst ee fir d'éischt déi vill Zuelen analyséieren, déi ee vum Statec presentéiert kritt huet. Bal zwou an eng hallef Stonne hat d'Regierung virdru scho mam Patronat geschwat. Dem Michel Reckinger no géing Lëtzebuerg op haart Zäiten zousteieren.

Et bleift also ofzewaarden, ob déi dräi Deeg, déi fir d'Tripartite virgesi sinn, wierklech duergoe wäerten, fir een Accord ze fannen.