
E wichtegt Element vum Projet ass den Droit à l'oubli fir Clienten, déi schwéier krank waren. Et geet ëm Chancëgläichheet an ëm d'Unerkennung vu medezineschen Evolutiounen. Dat sot d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez um Riednerpult.
"Et geet ëm Leit, déi zum Beispill eng Kriibserkrankung haten an duerno e Prêt maache mat enger Versécherung, déi si ofschléisse wëllen, fir dee Prêt ofzesécheren. Bis elo konnte si dann een Hindernis vläicht fannen, andeems méi héich Primme komm sinn, Ausschlëss oder souguer e Refus vun der Versécherung. Dat konnt de Wee zu engem eegene Wunnengsprojet oder anere Liewensprojeten erschwéieren a souguer verhënneren. Mam Droit à l'oubli gëtt elo gesetzlech festgehalen, datt eng Persoun hir fréier Kriibserkrankung no fënnef Joer nom Enn vun der Behandlung, wann et kee Réckfall gouf, net méi bei der Assurance ugi muss. D'Assurance däerf dës Informatioun dann och net méi berécksiichtegen, weeder beim Akzeptéiere vum Risiko nach bei der Berechnung vun der Primm. Well fir eis ass et kloer, eng schwéier Krankheet däerf eng Persoun net fir de Rescht vun hirem Liewen definéieren."
Eng schwéier Krankheet dierft deemno net zu enger administrativer a finanzieller Benodeelegung ginn, sou nach d'Ministesch Martine Deprez. Bei de Reschtscholdversécherunge gëllt dës Dispositioun schonn zënter 2020, op Basis vun engem Accord hat d'Assurancen-Associatiouon sech fräiwëlleg engagéiert. Mat dësem Gesetz gëtt dëse Prinzip confirméiert an eben op Consommatiouns-Kreditter ausgebaut.