D’Landjugend huet d’Flemm, allerdéngs eng, déi si net flemmseg mécht, mee e gudde Krack rebellesch gi léisst. Ee gréngt Kräiz, well si sech als naturno gesinn an drop geneelt, e roude Stiwwel, dee symbolesch – sou fanne mir – hinnen e Fouss hannebäi gëtt - rout, well et, sou hiert Gefill, den eegene Minister ass, dee si verréit - e puer Honnert goufen der an der Nuecht op e Freideg opgeriicht. Si géifen ignoréiert a wiere mat der Arroganz vun der Politik konfrontéiert, sou de Vertrieder vun de Jongbaueren an der der Landjugend.
D’Betriber stierwen, wann et esou weidergeet; an fir dësen Doud steet dat neit Agrargesetz, seet de Luc Emering. Annerhalleft Joer laang hätte si versicht, konstruktiv mat ze schaffen – um Enn hätt ee si ignoréiert.
De Minister war zwar um Freideg net am Land, mee schéngt si seriö geholl ze hunn. Fir e Mëttwoch kruten d’Vertrieder vum Secteur eng Reunioun d’Urgence proposéiert. Sinn dem Claude Haagen d’Existenzängscht vun de Baueren also net egal. Oder dach? D’Fuerderungen sinn op alle Fall kloer: Ee Sommet elo, iert dat neit Agrargesetz gestëmmt ass. Fir d’Jongbaueren en «No go»: e limitéierten Ausbau vum Véibestand a Strofen, wann ee sech net un deen hält.
Wann hir Proposen nach emol ignoréiert géifen, géing et rabbelen, sou de Message vum Chef vun de Jongbaueren, Jongwënzer a Landjugend. Dann hätt kee méi Loscht op de Poste vum Agrarminister.
E Mëttwoch gesi si also hire politesche Papp. Begeeschterung am Virfeld? Kaum: D’Äntwert ginn d’Kräizer mat de geneelte Stiwwelen.
Série Environnement an Autorisatiounen - Episod 3: Entwarnung fir Bauerebetriber: Gefroten Impaktetüde ginn zréckgezunnDe 7. September hat den Ëmweltministère confirméiert, dass déi 10 Baueren, déi den Ament an der Autorisatiouns-Prozedur wieren, déi verlaangten Impaktetüden, net méi misste maachen. Dofir géingen an Zukunft aner Reegele gëllen, wann e Betrib zum Beispill en Aussidlerhaff an der Zone verte wéilt opriichten. E Freideg de Mëtteg koum dunn d’Nouvelle vun enger Rei Betriber, et hätt een hinne matgedeelt, dass den Ëmweltministère hinnen elo och d’Autorisatioune fir hir Projete géif ginn.
De 19. September wäert d’Ëmweltministesch Welfring an der Chamberkommissioun fir Ëmwelt, den Deputéierte Ried an Äntwert stoen iwwer déi nei Direktiven am Ministère, respektiv der Naturverwaltung, déi sech ëm d’Demandes d’autorisation an de Zones vertes bekëmmert.