De 70 Joer ale Politiker wéilt iwwerdeems als Independant am Käerjenger Gemengerot bleiwen. Dat mellt déi frankophon Redaktioun vum Wort.

Den Gemengerotsmember vu Käerjeng, dee wéinst Äusserunge géint Déi Jonk Gréng an der Kritik steet, seng Partei d‘CSV. Dat huet hien RTL géigeniwwer confirméiert. De 70 Joer ale Politiker wëll iwwerdeems als Independant am Käerjenger Gemengerot bleiwen.

Nach dës Woch géif de Josy Hames e Bréif mat senger Demissioun un d‘Partei schécken, wéi hien et der frankophoner Redaktioun vum Wort soll gesot hunn.

D‘Zeitung mellt, de Josy Hames hätt fir weider Detailer iwwer seng Zukunft op eng Pressekonferenz den 28. September op 25, Rue Notre-Dame an der Stad verwisen. Op dëser Adress huet d‘Fraktioun vun der ADR hire Büro.

Den CSV-Gemengerot gouf vu méi Säite ferm kritiséiert well hien Déi Jonk Gréng ënnert engem Artikel vun Eldoradio op de soziale Reseauen als „gréng Terroristen“ a „Wouschtbéck“ bezeechent hat.

De Co-Parteipresident vun der CSV Claude Wiseler sot e Méindeg op Nofro hin hei op der Antenn, hie géif déi Wuertwal net ubruecht fannen. Hie géif och d‘Gespréich mam Josy Hames sichen.

Déi schwaarz-gréng Majoritéit am Gemengerot géif mam Austrëtt aus der CSV vum concernéierte Member vun 10 Sëtz op 9 erofgoen. D‘Oppositioun aus LSAP an DP setzt sech bis elo aus 6 Gemengeréit zesummen.

Hei eng Stellungnam vun de Jonke Gréngen iwwert den Hatespeech vum Josy Hames, déi en Dënschdeg publizéiert gouf.

Enn Donneschdeg de Moie koum d'Annonce vun der CSV Käerjeng, datt et fir de Josy Hames am CSV-Grupp vum Gemengerot net méi weidergeet. De Buergermeeschter hätt de Josy Hames drëm gebieden, sech bei deene Jonke Gréngen ze entschëllegen a sech ëffentlech vu sengen Aussoen ze distanzéieren. Nodeems dëst awer refuséiert gouf, wier eng zukünfteg Zesummenaarbecht awer elo "onméiglech" ginn. Am Numm vun der CSV huet sech schliisslech de Käerjenger Buergermeeschter bei deene Gréngen entschëllegt.