De 17. November gouf zu Esch d'Federatioun gegrënnt, an där d'Geschäftsleit sech zesummegedoen hunn an déi sech u Commerçanten aus dem Eenzelhandel riicht.
Déi nei Federatioun Luxembourg Retail Federation ass Member vun der CLC, der Confédération de Commerce. 23 Grënnungs-Memberen hunn déi nei Federatioun an d'Liewe geruff. Membere mat ganz ënnerschiddleche Profiller. Am Verband sinn esouwuel kleng Butteker, wéi och international Enseignen a lokal Geschäftsverbänn vertrueden.
De Robert Goeres ass de Präsident vun der nei gegrënnter Federatioun. De Geschäftsmann huet 1998 de Familljebetrib iwwerholl, an ass zënter 20 Joer an der clc engagéiert.
Am meeschte gelies