De Budget fir d'nächst Joer klëmmt nämlech ëm ronn 67 Milliounen Euro.

200 nei Poliziste fänken d'nächst Joer hir Formatioun un. Déi nämmlecht Zuel gëtt sech 2024 erwaart. Dëst Opstocke vum Personal dominéiert de Budget vun der bannenzeger Sécherheet, deen e Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gouf.

6 Milliounen Euro iwwer 5 Joer si geplangt fir déi sougenannte Body-Cams, Kameraen, mat deenen d’Policebeamten an Zukunft sollen equipéiert ginn. En entspriechend Gesetz ass jo an der Maach.