20 Milliounen Euro u Spenden huet Unicef Lëtzebuerg bis elo dëst Joer erakritt. Sou vill wéi ni virdrun.

D’lescht Joer war schonn e Rekordjoer an do sinn 8,6 Milliounen Euro erakomm, dat Joer virdru 5,8 Milliounen. Wat super klengt, ass leider awer e schlecht Zeeche fir d’Kanner weltwäit. "Eng ONG, déi gutt schafft, heescht och, dass se vill Problemer ze bewältegen huet", seet de Paul Heber, Responsabel fir Kommunikatioun bei Unicef Lëtzebuerg. "Mir hätte léiwer op déi Sue verzicht an en normaalt Joer gehat, wann dat geheescht hätt, dass mer elo net all Dag dat missten an der Ukrain bewältegen". Trotzdeem betount de Paul Heber "Déi Suen, déi mer hunn an déi, di mer bräichten, geet net ganz op an do si mir net di Eenzeg. Dat ass leider ëmmer de grousse Problem vun Entwécklungsaarbecht, dass leider ni genuch Suen do sinn. Et feelen eis och an der Ukrain nach gutt 1/3 vun de Suen, déi mer bräichten, fir kënnen sou ze hëllefen, wéi mir et fir néideg halen, wéi di Kanner et och verdéngt hätten." Unicef steet fir "United Nations Children’s Fund" a gouf 1946 gegrënnt. Et ass eng vun den UN-Agencen, déi ouni Budget sinn, dat heescht op Spenden ugewisen. Unicef Lëtzebuerg ass 1979 gegrënnt ginn. Ugefaangen huet alles mat de Chrëschtkaarte vun der UN-Organisatioun, déi Benevoller deemools hei am Land verkaf hunn. D’lescht Joer ass de gréissten Deel vun den Donen zu Lëtzebuerg, eng 33 %, vun deenen Donateure komm, déi reegelméisseg spenden, de sougenannte Global Parents.

D’Croix-Rouge Lëtzebuerg kann och elo scho soen, dass d’Lëtzebuerger dëst Joer eng onwarscheinlech Solidaritéit gewisen hunn. 2022 hu si méi wéi 50% méi un Donen erakritt wéi soss. Iwwert d’Hallschent dovunner si gezielt fir d’Ukrain gespent ginn. Elo an der zweeter Hallschent vum Joer, duerch d’Energiekris an d’Inflatioun, géifen d’Done méi gezielt un di sozial Besoinen hei am Land goen. Wéi an hirem Spendekatalog illustréiert, ginn d’Donen elo virun allem gebraucht, fir de Leit hir Heizkäschten, hiert Iessen oder hir Wanterkleeder ze finanzéieren.

D’Croix-Rouge Lëtzebuerg ass am Oktober 1914 gegrënnt ginn. Haut ginn di verschidde Servicer, déi si ubidden zu ënnerschiddlechen Deeler vum Staat oder vun Done finanzéiert. D’Croix-Rouge-Butteker (Épiceries sociales) ginn zu engem Drëttel mat Spendegelder um Lafe gehalen. Dat si pro Buttek eng 60.000 Euro d’Joer.