De Comité fir d'Verdeedegung vun de Mënscherechter am Iran hat op dës Manifestatioun invitéiert.

De Cortège ass friddlech vum Glacis bis op d'Place de l'Europe gaangen.

D'Organisateuren vun der Aktioun fuerderen, datt d'EU Memberlänner wirtschaftlech an diplomatesch Relatioune  mam Iran ofbriechen. Si soen och d'Europäesch Unioun, mä och d'Lëtzebuerger Regierung misst méi maachen. D'Regierung hätt zwar gudde Wëllen, mä dat eleng géif net méi duer goen. Elo wiere konkret Aktioune gefrot.