"... dat well mir ni wëssen, ob net awer eppes geschitt." Dat sot de President vun der jiddescher Communautéit vun Esch um Freideg.

Den David Weis hat zu Esch op der Commemoratioun am Kader vum Weltdag vum Gedenken un d'Affer vum Holocaust eng Ried gehalen.

Nieft dem Gedenken un déi Verstuerwe goufen also och d'Probleemer vun haut ugeschwat. An zwar déi vun Intoleranz an Haass géint Minoritéiten. Déi géifen d'Judden och haut nach spieren, esou de President vun der jiddescher Communautéit zu Esch, David Weis. D'Gespenster vun der Vergaangenheet wieren nach ëmmer do.

"Sief et wärend der leschter Finanzkris, wärend der Covid Pandemie, op de soziale Medien am Kontext vun Tensiounen am Noen, Osten a riets a lénks extreeme Milieuen, mee och an der Instrumentaliséierung vun der Shoah zum Beispill duerch de Moskauer Regimm an der Ukrain. Oder nach ganz konkret am leschte Juli hei zu Esch, wou de Reeboufändel vun onser Synagog erofgerappt gouf. E Reeboufändel, dee mir dohinner setze, wierklech aus Solidaritéit mat de Minoritéiten als Minoritéit ... erofgerappt gouf, zerrappt gouf. Et mierkt een deen Haass, deen un der Origine vun der Shoah war, ass ëmmer nach do."

No de sëllegen Attacken op Judden an de leschte Joren uechter Europa, hätt een och hei zu Lëtzebuerg Angscht, wann een an eng Synagog geet, esou den David Weis. Deen un d'Politik appelléiert huet, dobäi ze hëllefen, dës zwee Gebaier esou ofzesécheren, wéi dat haut de Standard uechter Europa ass.

De Premier Xavier Bettel huet a senger Ried virun allem dozou opgeruff sech selwer a säi Verhalen a Fro ze stellen. Mir dierften Intoleranz op kee Fall toleréieren, esou de Premier.

"Wann ech gesinn, dass vis à vis vun der jiddescher Communautéit beim Covid, d'Leit eng jiddesch Communautéit responsabel maache vum Covid. Wann ech gesinn, dass vis-à-vis vu Minoritéiten Attacke gemaach ginn, Leit ëmbruecht ginn, soen ech mer, mee hu mer näischt geléiert? An dofir, d'Place du Souvenir ass gutt, mee Place de la réflection ass méi wichteg."

Am Gedenken un déi 116 Escher Judden, déi deportéiert goufen an net erëm komm sinn, goufen hir Nimm virgelies, wärend d'Gäscht Steng virum Gedenkmonument ofgeluecht hunn. A ganz Lëtzebuerg goufen eng 1.300 Judden deportéiert, déi net méi sollten heemkommen.