HolocaustgedenkdagD'Chamber erënnert den Affer vun der Shoah

RTL Lëtzebuerg
Et ass elo genee 78 Joer hier, datt d'sowjetesch Arméi d'KZ Auschwitz-Birkenau befreit huet an d'Ausmooss vun de NS-Verbriechen allgemeng bekannt goufen.
© Chambre des Députés / John Oesch Vision Photography

D’Zaldoten, déi am Januar 1945 d’Paarte vum KZ opgemaach hunn, konnte just nach eng 7.000 Iwwerliewender fannen, dorënner eng 500 Kanner. Déi meescht vun hinne waren auserhéngert oder doudkrank. D’Nazien haten d’Lager nach séier geraumt a probéiert, hir Spueren ze verwëschen, ier déi Alliéiert ukomm sinn. Gaskummere goufe gesprengt, Dokumenter verbrannt an eng 58.000 KZ-Prisonéier goufen ze Fouss an der Keelt op de Wee geschéckt.

© afp

Insgesamt koumen am KZ Auschwitz-Birkenau Schätzungen no eng 1,5 Millioune Mënschen ëm d’Liewen, gréisstendeels Judden. Och eng 1.300 Lëtzebuergesch Judde si vun den Nazien ëmbruecht ginn.

Den Dag vun der Befreiung, de 27. Januar, markéiert dann och den Internationalen Holocaust-Gedenkdag. Och an der Chamber gouf un dësen Dag erënnert. Déi Deputéiert hunn un der Campagne #WeRemember deelgeholl.

Nächste Méindeg gëtt ausserdeem dem Massaker am KZ Sonnenburg am haitege Polen geduecht, an deem an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 819 Prisonéier duerch d’SS ëmbruecht goufen. Och 91 Lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert, déi sech dem Asaz an der däitscher Arméi widdersat haten, waren ënnert den Affer.

Back to Top
CIM LOGO