De Lëtzebuerger Resident sëtzt am Duerchschnëtt 12 Stonnen den Dag, dat geet aus enger neier Etüd vum Fuerschungsinstitut LIH ervir.

Wann een dann nach 7 bis 8 Stonne Schlof dobäirechent, bleiwen net méi vill aktiv Zäit. An dat obwuel d'Awunner hei am Land relativ vill kierperlech Aktivitéiten hunn. Am Verglach zum Rescht vun Europa komme méi Leit den deementspriechende Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun no.

D'Fanny Kinsch huet mam Fuerscher vum LIH geschwat, deen d'Etüd geleet huet.

Bei der Etüd goufen e puer aner Phenomener festgestallt, zum Beispill: Persounen, déi fréier mol gefëmmt hunn, si méi aktiv wéi déi, déi ni gefëmmt hunn. Eng aner Conclusioun: Frae beweege sech iwwert den Dag verdeelt méi mat manner Ustrengung, wärend Männer méi sëtzen an dann Aktivitéite mat méi Effort noginn. Eng Erkläerung kéint hei sinn, datt Fraen ëmmer nach méi Aarbechten am Stot iwwerhuelen, déi mat Beweegung verbonne sinn.