Virfall gëtt nach ënnersichtMann hat medezineschen Noutfall an der Diddelenger Piscine, am Spidol gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war e Mann an der Piscine gemellt ginn, dee sech net net méi beweegt huet.
Medezineschen Noutfall an der Diddelenger Piscine: Mann am Spidol gestuerwen
© Laurent Weber

D'Personal vun der Piscine hat de Mann aus dem Waasser bruecht an direkt mat Éischt-Hëllefsmoossname ugefaangen. D'Rettungsdéngschter an den Samusdokter hunn d'Reanimatioun weidergefouert. De Mann gouf an engem kriteschen Zoustand an d'Spidol bruecht.

En Donneschdeg de Moie gouf d'Police informéiert, datt hien am Spidol gestuerwe war.

D'Ëmstänn vum Virfall ginn nach ënnersicht.

Back to Top
CIM LOGO