
© Domingos Oliveira / RTL
Ëm kuerz virun 10.30 Auer ass e Won virum Tunnel Albert Bousser an der Stad an e Potto gerannt.
De CGDIS mellt eng Persoun, déi blesséiert gouf. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.
Tëscht Wolz an Noutem sinn op der RN26 en Dënschdeg de Mëtteg géint 12.20 Auer iwwerdeems e Bus an en Auto matenee kollidéiert. Wéi d'Police mellt war den Auto frontal géint déi riets Säit vum Bus gerannt. D'Automobilistin am Won, dee komplett futti war, gouf liicht blesséiert a koum an d'Spidol. D'Passagéier am Bus bloufen onverletzt. Ambulanze vu Wolz a vu Clierf waren op der Plaz.
De SAMU huet en Dënschdeg missen ëm kuerz no 10 Auer an den Asaz. En Auto hat e Bam op der RN16 tëscht Elleng-Gare a Réimech ze pake kritt. Ee Verwonnten ass ze bekloen.
E weidere Blesséierte gouf et géint 8.40 Auer zu Beetebuerg. An der Industriezon Wolser waren zwee Autoen net laanschtenee komm.
D'Police mellt iwwerdeems nach en Accident mat Farerflucht e Méindeg den Owend zu Stroossen. Dräi Autoe waren op der Route d'Arlon am Coup. Ee vun den Automobilisten huet sech allerdéngs aus dem Stëbs gemaach, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. Hie konnt kuerz Zäit drop vun der Police ermëttelt ginn. Hie war alkoholiséiert a krut säi Fürerschäin agezunn.

Ëm kuerz virun 10.30 Auer ass e Won virum Tunnel Albert Bousser an der Stad an e Potto gerannt. / © Domingos Oliveira / RTL