De Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP iwwerhëlt domat d'Successioun vum Tom Dominique vun der Inspection générale de la Sécurité sociale

Dat huet den CES e Freideg de Moie matgedeelt.

Am Conseil économique et social ginn all Joer zwee nei Presidenten an 2 nei Vize-Presidente gewielt. Am Prinzip vun der Rotation biannuelle iwwerhëlt ëmmer ee Patronatsvertrieder, ee Regierungsvertrieder oder ee Gewerkschaftler d'Spëtzt vum Büro.