
Den OGBL ënnerstëtzt déi belsch Salariéen dann och bei hire Protestaktiounen, dat virop am Buttek zu Arel.
Genee wéi all déi aner Supermarchéen hätt Delhaize d'Pandemie immens gutt iwwerstanen a wier deemno aktuell net a finanzielle Schwieregkeeten, esou den onofhängege Gewerkschaftsbond an engem Communiqué.
An der Belsch sollen déi 128 Supermarchéen an Zukunft jo ënnert enger Franchise lafen.
Deemno géifen dës Geschäfter net méi dem Grupp gehéieren, ma vun onofhängege Commerçanten ënnert de Konditioune vun der Mark Delhaize gefouert ginn. An dogéint wiere sech déi ronn 9.000 Mataarbechter.
D'Direktioun vun Delhaize Lëtzebuerg hätt der Gewerkschaft zwar assuréiert, dass déi finanziell Situatioun vun de Lëtzebuerger Butteker gutt wier, konnt awer och net garantéieren, dass déi selwecht Decisioun net och fir de Grand-Duché wäert geholl ginn.
Den OGBL ënnerstëtzt déi belsch Salariéen dann och bei hire Protestaktiounen, dat virop am Buttek zu Arel.