CGDIS melltDräi Blesséierter bannent nëmmen enger Stonn e Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Geknuppt huet et op der A1, zu Réimech an op der N10 tëscht Waasserbëlleg a Méischdref.
© Laurent Weber

De Samu war e Méindeg den Owend kuerz virun 19 Auer tëscht Waasserbëlleg a Méischdref am Asaz. Eng Persoun ass op der N10 blesséiert ginn, wéi zwee Ween sech ze pake kruten. Och eng Ambulanz vu Mäertert war op der Plaz.

Do virdrun, géint 18:40 Auer, hate sech zu Réimech bei der Bréck en Auto ee Vëlo ze pake kritt. Och hei gouf et ee Blesséierten an eng Ambulanz vu Réimech war op der Plaz.

Och ee Blesséierte gouf et scho géint 18 Auer op der A1 a Richtung Tréier, wou zwee Autoen op der Héicht vun der Sortie Mënsbech net laanschtenee komm waren. Eng Ambulanz aus der Stad war hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO