Niddregen Taux bei véierter Corona-Impfung

© AFP
Zu Lëtzebuerg hu sech 63% vun de Leit iwwer 80 Joer eng zweete Kéier boostere gelooss. Bei de Persounen ënnert 60 Joer sinn et manner wéi 10%.
Déi véiert Anti-Covid-Impfung gouf laang net vun alle viséierten Altersgruppen esou ugeholl, wéi dat vum Gesondheetsministère am Hierscht recommandéiert gouf.
Deemno kruten eng 16.000 Persounen iwwer 80 Joer den zweete Booster - wat e Vaccinatiounstaux vun 63% an dëser Alterskategorie ausmécht.
Tëscht 70 an 80 Joer goufe ronn 21.000 Persoune mam zweete Rappel geimpft - dëst ass just ronn d'Hallschent vun de viséierten Leit - ronn 25.000 Leit, déi tëscht 60 an 70 Joer al sinn kruten och den zweete Booster, wat en Taux vu ronn 40% ausmécht.
Bei den Altersgruppen ënner 60 Joer fält den Taux bei ënner 10%.
D'Santésministesch Paulette Lenert preziséiert och, datt hire Ministère ganz staark eng 4. Impfung fir all Leit vu 60 Joer un recommandéiert, a fir Leit vum Alter vun 12 Joer un, déi vulnerabel sinn duerch eng Virerkrankung, eng Immunodepressioun, eng Schwangerschaft oder déi am Gesondheets- oder Fleegesecteur schaffen.
A sengem iwwerschafften Avis vun Ugangs Mäerz, recommandéiert de Conseil Supérieur vun den ustiechenden Krankheeten, datt Leit, déi eng staark Immunosuppressioun hunn a schonns 4 Injektiounen kruten, elo nach eng weider Injektioun mat engem Omicron-adaptéierte Vaccin kënne kréien.
Dës Informatiounen liwwert d'Ministesch Lenert op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen.