Date-Leak am Enseignement Perséinlech Donnéeë vun 1.800 Enseignante goufen duerch Feeler u Leit geschéckt, déi se net sollte kréien

RTL Lëtzebuerg
D’Destinatäre ware 26 Persounen, déi och am Enseignement schaffen. Dat confirméiert den Educatiounsministère RTL op Nofro hin.
Date-Leak: Perséinlech Donnéeë vun 1.800 Enseignante geroden u 26 Persounen.
© RTL

Am Formatiounsinstitut Ifen (Institut de formation de l’Éducation nationale) wier duerch e mënschleche Feeler eng E-Mail mat deem falschen Unhang verschéckt ginn.

Déi 26 Persounen hätte sollen e Formulaire geschéckt kréien. Am Dokument waren awer perséinlech Donnéeën, dorënner Numm, Adress, E-Mail-Adress a Matricule, a verschiddene Fäll och d’Schoul oder d’Schoulfach, vun 1.800 Agenten aus der Education nationale. Et wiere keng Schüler betraff gewiescht.

Wéi de Feeler opgefall ass, wieren d’Destinatären opgefuerdert ginn, d’E-Mail ze läschen an d’Persounen, deenen hir Donnéeë fälschlecherweis gedeelt goufen, wieren informéiert ginn.

Och den Dateschutzbeoptraagte vum Ministère an d’Dateschutzkommissioun sinn informéiert ginn.

Den Educatiounsministère präziséiert, dass et keng Praxis wier, perséinlech Donnéeë per E-Mail ze verschécken.

Back to Top
CIM LOGO