"Ech hat an de leschten 10 Joer méi Kontakt mat CSV-Leit wéi de Luc Frieden"
Wann d'CSV d'Méiglechkeet wäert hunn, a keng aner soss, da géif se och de Schratt goe vun enger Koalitioun mat der ADR, dovun ass de Fred Keup iwwerzeegt.
"Mir hunn e Projet, deen net just op d'Walen 2023 eraus ass, mä ech mengen, dass mir an den nächste Joren e ganz groussen Erfolleg kënne maachen", esou de Spëtzekandidat vun der ADR, Fred Keup am RTL-Interview.
D'ADR seet sech prett fir méi Responsabilitéit. De Fred Keup ass net der Meenung, dass et ze fréi fir hien ass, Verantwortung ze iwwerhuelen, och wann hien eréischt 3 Joer am Parlament ass. Den 42 Joer ale Politiker gouf fir d'Walen als Spëtzekandidat fir d'ADR designéiert.
Wisou wëll keng aner Partei mat der ADR an eng Koalitioun?
Wann een eng gutt Oppositiounspolitik mécht, ass een a ville Beräicher onbequeem, esou de Fred Keup. Sou z.B. beim verpasste Referendum fir déi nei Verfassung. Da wieren dat eben déi Reaktiounen, déi da kommen.
D'Sam Tanson sot am RTL-Interview, si wier à l'opposé vun der ADR? Do kéint hien der Madamm Tanson nëmme Recht ginn, wat déi Gréng ugeet, z.B.bei der Familljepolitik.
Bezunn op dem Här Frieden seng rezent Aussoen iwwert d'ADR, huet de Fred Keup d'Gefill, dass hien an de leschten 10 Joer méi Kontakt hat mat CSV-Leit, wéi den Här Frieden, dee vläicht an anere Sphären ënnerwee gewiescht wier. Hie géif vläicht besser wësse wéi d'CSV-Leit denken, an et géife beim Inhalt och vill Beréierungspunkte ginn zu enger Basis vun enger CSV. Wann d'CSV d'Méiglechkeet wäert hunn, a keng aner soss, da wäerte se dee Schratt och goen, an déi Koalitioun mat der ADR maachen, esou de Fred Keup weider.
D'Gambia-Parteien hätten 2013 an 2018 net mat der CSV wëllen an eng Koalitioun goen. Wa se elo 31 Sëtz géife kréien, géif sech dorun näischt änneren.
Huet den Image vun der ADR gelidden?
De Fred Keup hat de Fränz Fayot rezent als "Topert" bezeechent. Dat hätt him net geschuet, ma vill Leit hätten him duerno gratuléiert.
Eegen Definitioun vum ADR, wann net rietsextrem?
Dat géif guer net zur Diskussioun stoen. Et wier een eng Partei, déi no beim Bierger ass an déi ganz staark demokratesch Wäerter géif vertrieden. Et huet ee sech fir Referenden agesat an dat wéilt een och weider maachen.
"Mir kommen aus engem soziale Mouvement eraus. Mir wäerten eis ëmmer fir déi schwaach an eiser Gesellschaft asetzen."
De Wuesstem bréngt ganz vill Problemer, esou de Fred Keup. De Liewensstandard géif doduerch fir vill Leit erofgesat ginn. Doru misst een eppes änneren.
"Mir sinn Affer vun eiser Attraktivitéit", esou de Fred Keup. A verschiddene Secteuren hätt een awer kee Mehrwert dovun. Et misst een op e méi moderate Wuesstem kommen.
Vum "mir fäerte näischt" bei en "ouni ADR kee Wiessel vun der Politik" - déi rasant politesch Karriär vum Fred Keup
De Fred Keup gouf virun 8 Joer duerch d’Initiativ Wee 2015 bekannt a geet als ADR-Spëtzekandidat an d’Chamberwalen. Domadder huet hie Partei-Seniore wéi Kartheiser a Reding iwwerholl.
Mat him géing d’ADR mam Schwéierpunkt Sécherheet, Kampf géint d’Kriminalitéit a fir eng besser Zukunft vum Land an d’Course goen. Den 43 Joer ale Geosprofesser huet 2020 de Gast Gibéryen an der Chamber ersat. Den ambitionéierte Spëtzekandidat huet eng Koalitioun mat der CSV virun Aen, steet allerdéngs virun engem grousse Fragezeichen: mat wiem schaffen, wa keen un enger Koalitioun mat enger ADR intresséiert ass?
Géint d’Auslännerwalrecht
D’Vertriederin vun der Plattform Minte an Asti-Presidentin géint en deemools nach éischter onbekannte Fred Keup vun der Initiative NEE 2015 – dass een et hei mat enger Initiative ze dinn hätt, déi eescht ze huele wier, huet sech an engem éischte Face à Face op RTL Radio gewisen. Dass de Géigner vum Auslännerwalrecht géif Recht kréien, wousst do nach keen.
"Fusioun" mat der ADR
De Kielener Futtballfreak gëtt 8 Joer drop als Kapitän vun der ADR-Ekipp gefeiert. Eng politesch Karriär, déi sech 2017 konkretiséiert huet. Aus dem Nee 2015 war de Wee 2050 ginn an op deem goung et 2018 mam ADR an d’Chamberwalen. Hir Iddie géinge sech gläichen, sou deemools den ADR-Parteipresident Schoos.
A grad un deenen Iddie stéiert méi wéi ee sech. Virwërf vu Rassismus a Xenophobie, wéinst Aussoen an de soziale Medien, gounge souwuel un d’Adress vum Wee 2050 wéi un der Initiative hire President.
De Stempel, deen ofstempelt an deen net an eng Chamber passt! Mee genee do sëtzt den Deputéierten an ADR-President an dat op der Plaz vum alen Hues a Simpatico vun der Partei, dem Gast Gibéryen.
Keup nennt Fayot en "Topert"
Enn lescht Joer dunn den Intermezzo mam Wirtschaftsminister. Deen hat d’ADR rietsextrem genannt a gouf vum Fred Keup "Topert" vernannt.
Wéi geet et weider, wa kee mat engem wëllt zesummeschaffen? Den ADR-Spëtzekandidat geet fir d’Nationalwalen an d’Course fir eis Sprooch, mat engem Buch, dat Lëtzebuerg net opgëtt, an engem decidéierte Kampf géint d’Kriminalitéit. Kënnt engem kënneg vir, goung a geet awer wuel net duer.
Sollt d’ADR an dëse Wale vill wannen, stellt d’Koalitiounsfro sech vläicht ganz anescht.