Rettungshelikopter am AsazAuto géint Moto op der Streck Wilwerdang - Wemperhaart

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Feierowendtrafic koum et op der N12 zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen an engem Motorrad. D'Streck huet musse gespaart ginn.
© Domingos Oliveira

Ënnert anerem de Rettungshelikopter war am Asaz.

© Domingos Oliveira

Et war géint 18.15 Auer, wéi aus bis ewell ongekläerter Ursaach e Motorradschauffer mat zwee Autoe kollidéiert ass. Éischten Informatiounen no gouf de Motocyclist uerg blesséiert a koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol. Eng weider Persoun aus engem vun den Autoe gouf och verwonnt.

D’Streck war gespaart, fir dass d’Police technique d’Ëmstänn vum Accident kläre konnt.

Back to Top
CIM LOGO