Dräi nei Fäll vu Vullegripp confirméiert

Eng Laachméiw. / © Pixabay
E Méindeg sinn dem Landwirtschaftsministère no dräi nei Fäll vu Vullegripp am Grand-Duché festgestallt ginn.
De Virus vum Typ H5N1 gouf bei enger Flossséischmuewel a bei zwou Laachméiwen zu Rëmerschen festgestallt. Zulescht war Mëtt Februar d'Vullegripp bei Sëlwerreeër an der Gemeng Wëntger confirméiert ginn.
Fir d'Weiderverbreede vum héich-ustiechende Virus ze verhënneren, rifft déi Lëtzebuergesch Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung dozou op, sech u verschidde Reegelen ze halen. Opfälleg Doudesfäll bei Vigel sollen engem Veterinär gemellt ginn. Beim Import vu Vigel ass en Certificat vun engem Veterinär aus dem Ursprongsland néideg.
Wann een e wëlle Waasservugel fënnt, deen krank oder dout ass, da soll een dës der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung matdeelen, dat ënnert der Nummer 2478 2539 oder ënnert der Email-Adress info@alva.etat.lu.