Mobilitéit a Logement ginn ëmmer méi e Problem fir d'Attraktivitéit an d'Kompetitivitéit vun de Betriber zu Lëtzebuerg.

D'Attraktivitéit an d'Kompetitivitéit vum Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell stoungen am Mëttelpunkt vun enger weiderer Table Ronde, déi d'Chambre de Commerce am Virfeld vun de Walen am Oktober organiséiert hat.

En Owend, op deem vill iwwer Index, Betribsbesteierung an Industriepolitik diskutéiert gouf, mä och iwwer d'Léisungen, déi d'Politik muss liwweren, wann et ëm zwou Haaptsuerge vun de Leit geet: de Logement an d'Mobilitéit.

Table Ronde Chambre de Commerce - Reportage vum Dany Rasqué

Et war en Owend, op deem net just Politiker aus aacht Parteie mateneen diskutéiert hunn, mä och Vertrieder aus Betriber erkläert hunn, mat wéi enge Problemer si konfrontéiert sinn. Zum Beispill d'Cheffin vun de Ressources Humaines bei Arcelor Mittal, d'Valerie Massin. De Stolris beschäftegt vill Frontalieren, déi an der Haaptsaach aus Frankräich kommen.

"Mir hunn ëmmer méi Leit, déi demissionéieren. Net, well de Salaire ze niddreg ass, mä well d'Zäit, déi se brauche fir mam ëffentlechen Transport schaffen ze kommen, ze laang ass, par Rapport zu der Zäit, déi se op hirer Aarbecht verbréngen."

D'Land huet en enorme Retard, wann et ëm d'Mobilitéit an de Logement geet, dees ass sech de François Benoy vun déi Gréng bewosst. Seng Partei stellt jo den Ament den Infrastrukturminister an de Logementsminister. Ma grad an de leschte Jore wier an deenen Beräicher enorm investéiert ginn.

"Wa mer nach ëmmer Problemer an der Mobilitéit hunn, ass well virun 10 Joer méi a Stroosseninfrastrukturen investéiert gouf, amplaz Investissementer an den Tram an an d'Schinnen ze prioriséieren an dat si Feeler, déi mer an Zukunft net méi dierfe maachen."

Och am Logement misste Feeler aus der Vergaangenheet guttgemaach ginn. Virop deen, datt d'Wunnengen, déi vum Staat gebaut goufen, duerno um Privatmarché verkaaft goufen. Deemno alles Problemer, déi aus enger Zäit kéimen, an där CSV an der Regierung war, ma fir där hire Spëtzekandidat Luc Frieden sinn et Schwieregkeeten, déi grad an de leschten 10 Joer méi grouss goufen.

"Am Logement ass de Präis ëm 100 Prozent geklommen tëschent 2013 an 2023. Et muss massiv gebaut ginn, méi héich a méi dense. Do wou et méiglech ass, muss de Perimeter erweidert ginn. Am Perimeter mussen all Zort vu Kompensatiounen a supplementar Ëmweltetüden evitéiert ginn."

De liberale Mëttelstandsminister Lex Delles huet gewarnt, datt d'Problemer am Logement riskéieren, weider ze wuessen. Fir dat ze verhënneren, misst elo séier der Baubranche gehollef ginn.

Um Bord vun där Table Ronde hu mer de Wirtschaftsminister Franz Fayot och no enger Reaktioun op en Artikel vu Reporter.lu gefrot, an deem et ëm relativ héich Note de Fraise vum Minister op Déngschtreese geet.

Dozou wollt hien um Méindeg den Owend awer nach Näischt soen.