Piraten: Zil si bis zu 3 Leit am Stater Gemengerot

© Arnaud Serexhe
Mat enger kompletter Lëscht, also 27 Kandidaten, ginn d'Piraten an der Stad mam Spëtzenduo Pascal Clement a Marie-Marthe Muller an d'Gemengewalen.
D'Frae maachen een Drëttel aus. Op der Lëscht si 6 Net-Lëtzebuerger a 4 Leit mat der duebeler Nationalitéit. D'Altersmoyenne läit bei 47 Joer an de Slogan ass "matenee fir eng Stad fir jiddereen". Beim Matenee setzt een och op Biergerbedeelegung. Et wëll ee sech awer op deem Plang vun anere Parteien ofgrenzen, esou de Pascal Clement
"Mir tabléieren op ee Biergerrot, deen aleatoire zesummegesat gëtt, fir dass déi gréisst Mixitéit an deem Biergerrot dran ass, an dass mir sécherstellen, dass déi Leit, déi bis elo keng Stëmm kritt hunn, well se net hunn dierfen an enger Kommissioun dobäi sinn, och emol eng Stëmm kréien."
Aner Waltheme sinn den abordabele Wunnraum mam Accent um soziale Wunnengsbau an eng méi effikass Mobilitéit.
Onëmgängleche Sujet ass d'Sécherheet, wou ee géint een allgemengt Heeschverbuet ass. Et misst een en Ënnerscheed maachen tëscht der organiséierter a krimineller Heescherei an dem klasseschen Heeschen.
D'Marie-Marthe Muller:
"Mir Pirate soe ganz kloer: Mendicité simple dierf net verbuede ginn. Do misse méi sozial Strukture geschafe ginn, wou déi Leit kënne 24 Stonnen op 24 een Daach iwwert dem Kapp hunn an do mat professionellem Personal Schrëtt fir Schrëtt matbegleet ginn".Et setzt een op méi Policepresenz. Eng kommunal Police ass fir d'Piraten de falsche Wee. D'Agents municipaux misste méi geziilt agesat ginn.
Wat d'Ambitioune betrëfft, tabléieren d'Piraten an der Stad op zwee bis dräi Sëtz um Knuedler.
comments]