Communiqué vum CA-MemberTun Di Bari kandidéiert net fir de Poste vum FLF-President

Sam Rickal
De fréiere President vun der Etzella Ettelbréck huet dëst an engem Communiqué confirméiert.
Den Tun Di Bari, hei lénks am Bild, kandidéiert net fir de Posten vum FLF-President.
© Val Wagner

Den 23. Oktober sinn um Kongress vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun zu Wëntger Neiwale fir de Poste vum President. Et goufen an de leschte Woche vill Rumeuren, wéi wann den Tun Di Bari fir de Poste vum FLF-President géing kandidéieren. Dat ass awer schlussendlech net sou. Dat huet de fréiere President vun der Etzella Ettelbréck an engem Communiqué annoncéiert.

Hien huet zouginn, datt hien driwwer nogeduecht huet, eng Kandidatur ze stellen, hätt am Endeffekt awer dovun ofgesinn, och aus zäitleche Grënn.

Tun Di Bari: "Je ne vais pas le nier : j'y ai réfléchi sérieusement, et les nombreux encouragements reçus m'ont touché. Mais la présidence de la FLF est une fonction exigeante, qui requiert une disponibilité de tous les instants. Mon emploi du temps professionnel actuel ne me permettrait pas de m'y consacrer avec la rigueur et la présence que ce mandat impose. Plutôt que de m'engager à moitié, j'ai préféré, en toute honnêteté vis-à-vis des clubs et du football luxembourgeois, ne pas poser ma candidature."

Den Tun Di Bari bleift nach weiderhin am Conseil d'administration vun der FLF, säi Mandat als CA-Member leeft nach bis 2028, a wëll sech weider fir de Lëtzebuerger Futtball engagéieren an dësen och weiderhi bei der Moderniséierung ënnerstëtzen.

Tun Di Bari: "Ma conviction reste intacte : la FLF doit se moderniser. Je ne serai pas à sa tête, mais je continuerai à y travailler, avec la même énergie, en collaboration avec le comité."

Liest hei de komplette Communiqué vum Tun Di Bari:

Communiqué de presse - Tun Di Bari.pdf

Back to Top
CIM LOGO