Problemer mat Payconiq
Clientë kruten trotz Feelermeldung Suen ofgebucht

© RTL
Leschte Weekend haten eng Partie Bank-Clientë Problemer mat der Applikatioun Payconiq. Betraff ware mol d'Clientë vun der Banque Raiffeisen.
D'Bank confirméiert dat um Mëttwoch op hirem Internetsite.RTL-Informatiounen no kruten d'Leit bei der Iwwerweisung eng Feelermeldung ugewisen, ma d'Sue goufen trotzdeem vum Kont ofgebucht.
Raiffeisen schwätzt vun engem rengen technesche Problem.
Déi betraffe Clientë géingen elo all kontaktéiert ginn, via Message op der Plattform R-Net.
Entretemps géing d'Applikatioun nees funktionéieren, schreift d'Bank, déi sech bei de betraffene Clienten entschëllegt.
Am meeschte gelies