
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun dobäi verwonnt. Nieft de Pompjeeë vun Esch an Déifferdeng waren och eng Ambulanz vun Esch, grad ewéi de SAMU am Asaz.
E Samschdeg de Moie kuerz viru 5 Auer ass zu Bäreldeng en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Et blouf beim Materialschued.
Dann huet den 112 nach eng Partie Accidenter e Samschdeg de Mëtteg op eise Stroossen mat all Kéiers engem Blesséierte gemellt. Dorënner dräi Motocyclisten,déi gefall sinn, respektiv een, deen an e Bam gerannt ass.
Donieft sinn an der Stad zwee Autoen aneneegerannt an zu Esch Sauer ass e Vëlosfuerer gefall a verwonnt ginn.