Kuerzen Iwwerbléck iwwer d'Gemengen am Bezierk Osten

© Domingos Oliveira / RTL
Mëllerdall, Musel, Maus Ketti! Den Osten ass heterogeen, awunnertechnesch kleng, flächeméisseg net onbedéngt.
E Sonndeg ginn och an den 23 Ostgemengen d'Kaarten nei gemëscht, de Pit Everling huet bëssen den Tour duerch den Oste gemaach.
Osten ass net gläich Osten.
Vu Beefort op Schengen brauch een eng Stonn....mam Auto! Kantoner gëtt et der 3. Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech. Déi gréisst Gemeng ass bei wäitem Jonglënster, mat iwwer 8.000 Awunner a mat bal 5.000 ageschriwwene Wieler.
Op de gutt 500 Quadratkilometer gëtt et a bësse méi wéi der Hallschent vun de Gemengen am Majorz-System gewielt, spréch d'Awunnerzuel läit do ënner 3.000.
Beefort, Schengen a Wuermer wiesselen dës Kéier vu Majorz op Proporz. D'Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech wielt och elo och nom Lëschte-Prinzip.
Zu Stadbriedemes gëtt iwwerdeems iwwerhaapt net gewielt. Do goufen et net méi Kandidaten ewéi Sëtz. De Schäfferot steet sou wäit.
Och zu Bäerdref ginn d'Leit net e Sonndeg an d'Walkabinnen, mä eréischt am Oktober. Hei gouf de Wal-Datum verréckelt, well ee vun de Kandidate gestuerwen ass.
Da gëtt et am Osten eng Fusioun: Bous a Waldbriedemes ginn no de Walen e gemeinsame Wee. Hei gëtt e Sonndeg an zwou Sektioune gewielt.
An de Proporz-Gemengen am Oste waren an de leschte Jore virun allem déi 4 grouss Parteien an de Schäfferéit vertrueden.
CSV-DP huet d'Koalitioun zu Lënster geheescht. Hei hate sech no de leschte Walen déi zwou stäerkst Parteien zesummegedoen. Den CSV-Gemengepapp Romain Reitz geet e Sonndeg net méi mat.
CSV-LSAP zu Iechternach dann. Hei waren d'Parteie stëmmeméisseg relativ no beieneen no de leschte Walen. Zejoert ass e Conseiller vun der CSV eriwwer bei déi Gréng gewiesselt, domat hat d'Koalitioun an der Abteistad keng Majoritéit méi.
D'CSV an déi Gréng souzen dann zesummen zu Maacher um Rudder, woubäi d'CSV 5 Sëtz hat an déi Gréng just een.
Eng DP-CSV-Koalitioun hat dann 2017 zu Réimech den deemolege grénge Buergermeeschter Henri Kox ofgeléist.
Zu Munneref war de Schäfferot aus de Liberalen an de Grénge zesummegestallt. Och hei waren d'Kräfteverhältnes relativ ongläich. D'DP war bei de leschte Gemengewalen op iwwer 50% komm, woubäi do den haitege Minister Lex Delles nach op der Lëscht war.
CSV-LSAP, sou huet d'Koalitioun zu Betzder geheescht, woubäi d'LSAP mam Éischtgewielte Jean-François Wirtz de Buergermeeschter gestallt huet. Hie geet elo net méi mat.
Zu Mäertert souzen d'Sozialisten eleng un den Hiewelen.
An der neier Proporz-Gemeng Schengen trieden zwou Lëschte géinteneen un. Idem zu Beefort.
Zu Rouspert-Mompech trëtt eng DP-Lëscht géint eng Biergerlëscht un, ugefouert awer vun der CSV-Buergermeeschtesch.
Och zu Wuermer gëtt et zwou verschidde Lëschten. An de leschte 6 Joer war et beim Buergermeeschterposten e Splitting ginn. Genee déi zwou Persounen trieden elo op zwou verschiddene Lëschte géinteneen un.
Am Osten ginn dann am Ganzen 8 Buergermeeschteren net méi mat.
Et sinn dat d'Gemengen: Jonglënster, Bech, Betzder, Fluessweiler, Duelem, Stadbriedemes, Waldbriedemes a Bous.
Nach en interessanten Detail um Enn.
Anescht wéi dës Kéier war 2017 zu Réimech eng gewëss Paulette Lenert fir d'LSAP mat an d'Gemengewalen. Déi deemools onbekannte Beamtin krut als zweetgewielte ganzer 176 Stëmmen, wat net duergoung fir an de Conseil.
Zënterhier ass nawell e bësse Waasser d'Musel erof gelaf.