
De Roy Reding trëtt aus der ADR aus, dat huet hien op de sozialen Netzwierker matgedeelt. D’ADR reagéiert a confirméiert, datt de Roy Reding mat grousser Warscheinlechkeet net fir Zentrumslëscht zeréckbehale gi wier.
Dat hätt och e Grond: De Roy Reding wier souwuel an der Chamber, der Gemeng Lëtzebuerg, ewéi och an de Parteigremien ze dacks net present gewiescht.
Bei ongeféier der Hallschent vun de Parlamentssëtzungen hätt hie gefeelt, heescht et an engem Communiqué. Politesch Differenzen hätte weider keng bestanen.
D’RTL-Analys iwwer d’Presenz vun den Deputéierten an der Chamber fannt Dir hei.
De Roy Reding schreift awer, datt de sougenannten “vëlkeschen Diskurs”, deen d’ADR an der Lescht no bausse géing ausstralen, net compatibel wier mat senge fundamental liberalen Iddien.
Vun de Responsabele vun der Chamber heescht et, datt de Roy Reding net aus der Chamber demissionéiert huet, mä just aus der ADR. Ob hien als onofhängegen Deputéierte weider wäert siegéieren, präziséiert de Roy Reding net.
Fir d’ADR gehéiert d’Mandat kloer der Partei. Et gëtt dowéinst verlaangt, datt de Roy Reding aus der Chamber demissionéiert, fir datt den Zweetgewielten Alex Penning kéint an d’Parlament noréckelen. Fir de Roy Reding selwer, deen zanter 2013 fir d’ADR an der Chamber sëtzt, net a Fro.
Roy Reding wëll politesch Karriär net un den Nol hänken
Hie seet am Gespréich mat RTL, d’Zuel vun de perséinleche Stëmmen, déi hie kritt huet, géif weisen, datt et säi Mandat ass an net dat vun der Partei. De fréieren ADR-Member huet net wëlles, seng politesch Karriär un den Nol ze hänken.
De Roy Reding seet, hie wéilt bei de Chamberwalen den 8. Oktober kandidéieren a wier och scho mat enger Partei am Gespréich.