Wéi gewëssenhaft ginn d'Lëtzebuerger Deputéiert an d'Chamber?

D’Auslandsmissioune goufe bei d’Presencen dobäigerechent
Musterschüler sinn ënnert anerem d'Josée Lorsché an de Gilles Baum. Am mannste present an der Chamber war de Roy Reding, dat och alt emol onexcuséiert.
D'Lëscht mat de Presencë vu Juli 2019 bis Dezember 2022 ass ëffentlech zougänglech op der staatlecher Online-Dateplattform data.public.lu a gouf och schonn op elus.lu vum Piratepolitiker Jerry Weyer opgeschafft. Doraus geet ervir, datt de Gros vun den aktuellen Deputéierte bei méi wéi 90 Prozent vun de Chamber-Séancen do waren. Een Deputéierten, dee besonnesch wéineg do war stécht ervir, ma et goufen der och e puer déi ni gefeelt hunn.
D'DP-Deputéiert André Bauler a Claude Lamberty, hire Fraktiounspresident Gilles Baum an déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché hu bei kenger vun den 234 Seancen an deem Zäitraum gefeelt. Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo war zwar 3 mol net an der Plenière, dat awer well en op Aussemissioun war fir d'Chamber. Allgemeng waren d'Deputéiert vun der Majoritéit mat enger Presenz vun 96 Prozent liicht méi zouverlässeg do, wéi d'Oppositiounsdeputéiert mat knapp 94 Prozent.
D'Pirate sinn déi Partei, där hir Deputéiert am meeschten an der Chamber waren, respektiv duerch eng Aussemissioun gefeelt hunn. De Pirat Sven Clement war iwwregens deen Deputéierten, deen am meeschten am Ausland ënnerwee war, dowéinst war hie bei 13 Seancen net dobäi. Ganz no hannendru kënnt d'DP, där hir Deputéiert ëmmerhin bei 98,4 Prozent vun de Plenièren do waren. Déi zwee Deputéiert vun déi Lénk waren zanter Amtsuntrëtt och bei 97,4 Prozent vun de Seancen dobäi.
Déi Partei, där hir Deputéiert am meeschte Chamberseance verpasst hunn ass d'ADR, mat 88 Prozent. Dat läit awer un engem Deputéierten, dee ganz dacks gefeelt huet an d'Moyenne erofzitt. De Roy Reding war tëschent Juli 2019 an Dezember 2022 just bei knapp 63 Prozent vun de Plenière present. Domat läit hie méi wéi 30 Prozent ënnert dem Duerchschnëtt, an och nach ëmmer wäit hannert de CSV-Deputéierten Eischen* a Wolter op 2. an 3.-leschter Plaz, déi knapp e Fënneftel vun de Seance verpasst hunn.
De Roy Reding ass och mat der DP-Deputée-Maire Lydie Polfer ee vun deenen 2 eenzegen Deputéierten, déi onexcuséiert gefeelt hunn - de Roy Reding hat sech 4 mol net ofgemellt, d'Lydie Polfer 2 mol.
De Chamberpresident Fernand Etgen huet an deene leschten 3,5 Joer 2 mol gefeelt.
D'Statistik seet natierlech näischt doriwwer aus, wéi laang d'Deputéiert bliwwe sinn - déi, déi d'Chamber reegelméisseg suivéiere wëssen, datt mat Momenter och mol just d'Hallschent vun den Deputéierten do sëtzt. Ob d'Deputéiert fir d'ganz Seance bleiwen oder net, huet awer en Impakt op hir Jetonen - déi ginn et just, wa si bei all Vott bis op een physesch present sinn, de Vote par procuration zielt hei net. De Montant vun engem Jeton läit aktuell bei 131,55 Euro, deen d'Deputéiert pro Seance ze gutt hunn.
*De Felix Eischen preziséiert RTL géintiwwer, dass hie vu September 2020 bis Januar 2021 krankgemellt war.
** D’gréng Deputéiert Chantal Gary huet eis no der Publikatioun vum Artikel drop higewisen, datt si d’lescht Joer e Kand op d’Welt bruecht huet, genee ewéi hir Kolleegin, d’Semiray Ahmedova.