
Wéi de Roy Reding e Freideg de Mëtteg an de soziale Medie matdeelt, trëtt hien aus der ADR aus. Grond dofir wier ee “flagrante Vertrauensentzuch”. Seng “fréier Partei” hätt decidéiert, hien no 10 Joer an der Chamber als eenzegen “Deputé sortant” net méi als Kandidat am Zentrum opzestellen. Dat wier “du jamais vu”, schreift de Roy Reding op Facebook:
“Meng Konklusioun ass ganz einfach déi ze soen, dat wann ech der adr net méi gutt genuch si fir d’Wallëscht unzeféieren, da sinn ech och net gutt genuch fir d’adr an der Chamber ze sëtzen.”
Hie wéilt Sträit, onnéideg Diskussiounen, Intrigen a Kampfofstëmmungen net matmaachen. Derbäi kéim, datt de sougenannten “vëlkeschen Diskurs”, deen d’ADR an der Lescht no bausse géing ausstralen, net mat senge fundamental liberalen Iddie compatibel wier, esou de Roy Reding.
De Roy Reding denkt awer net drun, als Deputéierten ze demissionéieren. Hien huet jo annoncéiert, senger Partei, der ADR, de Réck ze dréinen, well hien am Zentrum net méi mat op d’Lëscht geholl gëtt.
Bei de Walen 2018 hat hie méi wéi 6.300 Stëmme kritt, dat waren der 2.000 méi, wéi den Zweetgewielten Alex Penning. D’ADR hätt elo gär, datt hien amplaz vum Roy Reding Deputéierte gëtt, mä dofir misst dee säi Mandat néierleeën.
Esou wäit kënnt et awer méi wéi sécher net, wann een dem Roy Reding nolauschtert. “Kuckt einfach d’Zuel vu menge perséinleche Stëmmen, da wësst der, datt et mäi Mandat ass an net der Partei hiert.”
De Roy Reding wëll seng politesch Karriär net un den Nol hänken. Hie seet, hie géif hoffen, datt hien och am Oktober erëm e Mandat kritt. Dat heescht, hie wëll nach emol mat an d’Wale goen. Hie seet, hie wier mat enger Partei am Gespréich, wëll allerdéngs nach net soen, wéi eng dat ass.
Seng fréier Partei ass wuel net mat sengem Engagement an de leschte Joren zefridden. Si kritiséiert, datt de Roy Reding an de leschten dräi Joer ongeféier bei der Hallschent vun de Sëtzunge an der Chamber gefeelt huet a wann hien do gewiescht wier, dann dacks just fir e puer Minutten.
De Roy Reding fënnt net, datt hien seng Aarbecht um Krautmaart vernoléissegt huet. “Ech sinn ee vun deene, géif ech mengen, ganz raren Deputéierten, déi déi lescht 10 Joer hir Rieden ëmmer selwer geschriwwen hunn, selwer gehalen hunn an ech denken, wann ech eppes ze soen hat, dann hunn ech dat ëmmer gesot. Do muss een einfach ofweien, wat elo méi wichteg ass. Ob s de an der Apllication, wéi mer dat an der Schoul genannt hunn, eng 1 hues oder an de Fächer.”
D’ADR kritiséiert, datt de Roy Reding och Parteiintern vill gefeelt hätt. De Roy Reding seet, dat léich drun, datt et vill Sträit ginn hätt, notamment, wéi hien an éischter Instanz um Geriicht verurteelt gi wier a seng Presomption d’innocence net respektéiert gi wier. D’Ambiance am Bezierk wier schlecht an dat léich um Bezierkspresident.
“Effektiv huet d’Stëmmung extrem changéiert. De Féierungsstil vum Tom Weidig ass net deen, deen ech virdrun hat als President. Ech hu probéiert, eng Ekipp opzebauen, déi och gutt funktionéiert huet, an dat ass beim Här Weidig eppes anescht. Wat och wouer ass, ass, dat ee Wuert dat anert erginn huet, datt ech och emol ganz rose gi sinn, datt et och alt emol ganz haart hiergaangen ass an datt ech vun do un och keng Loscht méi hat, déi Leit ze gesinn an da parteiintern Reuniounen ignoréiert hunn.”
Den Tom Weidig hätt gutt, trei a loyal Leit aus der Partei erausgëeekelt. Hien nennt ënnert anerem de Mario Daubenfeld, dee jo an Tëschenzäit Member bei Focus ass.
De Roy Reding ass zanter laange Jore politesch aktiv a war als éischt bei der LSAP engagéiert. 2009 ass de gebiertege Stater Affekot du mat der ADR an d’Chamberwale gaangen, wou hien deen Zweetgewielten hannert dem Jacques-Yves Henckes gouf.
2013 gouf de Roy Reding dunn an d’Parlament gewielt, wou hien zanterhier siegéiert, bis et elo zum Broch mat senger Partei komm ass. Zanter 2017 souz hie fir d’ADR am Stater Gemengerot. Dat éier hien am November zejoert demissionéiert hat a vum Marceline Goergen ersat gouf.
Bei de Chamberwalen 2018 war de Roy Reding deen Éischtgewielten op der Zentrumslëscht vun der ADR, mat engem Ecart vun 2.000 Stëmmen op den Alex Penning. Zanter 2004 war d’ADR ëmmer mat engem Deputéierten an der Chamber vertrueden, deen am Bezierk Zentrum gewielt ginn ass.
Wann de Roy Reding elo d’Legislaturperiod als onofhängegen Deputéierten um Krautmaart fäerdeg mécht, schmëlzt de Grupp vun den ADR-Politiker op nëmmen nach 3 Memberen.