Fir d'Rentrée bitt RTL Iech nach méi vun Ärer Liblingsmusek mat dräi fuschneie Webradioen: RTL +80er, RTL +90er an RTL +Rock.

Déi dräi nei RTL-Webradioe spillen de gewinnte Radio-Programm vun RTL (News, Meteo, Trafic-Info, Reportagen, etc) mä mat engem grousse Plus fir d'Musekfans.

Nei Technologië erméiglecht e personaliséierte Radiosprogramm

Well Technologië villes méiglech maachen, kann een vun elo un och RTL mat verschiddene Museksrichtunge lauschteren. Wéi den Numm +80er, +90er an +Rock et scho verréit, ka jiddereen de gewinnte Programm lauschteren a fräi wielen, ob e léiwer dee mat méi Musek aus den 80er, 90er oder aus der Rock-Zeen lauschtere wëll.

Wéi funktionéiert dat? 

D'Simulcast Replacer Software tauscht verschidde Musekstitelen am Live-Programm (simulcast) aus. All redaktionell Contenue wéi d'Neiegkeeten, d'Meteo, den Trafic-Info oder och Reportagë bleiwe fir all Nolauschterer d'selwecht. Sou entstinn aus engem Radiosprogramm verschidde musikalesch Varianten, wou jidderee méi vu senger Liblingsmusek lauschtere kann.

Wou kënnt Dir déi nei Webradioe lauschteren? 

Op de Sitten, mobile Säiten an Appe vun RTL.lu, RTL Play (RTL +80er, RTL +90er, RTL +Rock) an Radioplayer.