D'Diskussioun fir déi 4 Walbezierker ofzeschafen, gëtt et schonn zanter enger Zäit. An deem Kontext fält ëmmer nees de Begrëff vun der Representativitéit.

Als Argument fir d'Ofschafe vun de Bezierker gëtt dacks ugefouert, dass de Choix vum Wieler an deem Fall net op d'Kandidaten, déi a sengem Bezierk untrieden, limitéiert wier. Ausserdeem géifen an esou engem System manner Stëmme verluer goen.

D'Géigner vun engem eenzege Walbezierk ginn allerdéngs ze bedenken, dass an esou engem System de Risiko besteet, dass net méi d'Interesse vun alleguer de Regioune vum Land an der Chamber vertruede wieren.

D'Stéphanie Feipel vum ZPB erkläert nach eng Kéier, wéi eng Konsequenzen en Ofschafe vun de 4 Walbezierker kéint hunn:

D'Positioune vun de Parteien

Fir erauszefannen, wéi d'Parteien zur Iddi vun engem eenzege Walbezierk stinn, hate mir hinne folgend Fro geschéckt:

Solle Walbezierker ofgeschaaft an duerch ee grousse Walbezierk ersat ginn?

D'Meenunge vun de Parteien am Iwwerbléck:

Fir d'Aféiere vun engem eenzele Walbezierk: LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk, Piraten, Fokus, Volt, KPL, Déi Konservativ

Fir d'Bäibehale vun deene 4 Walbezierker: DP, CSV, ADR

D'Äntwerte vun de Parteien am Detail:

Hei fannt Dir déi aner Deeler vun eiser Serie "Demokratie-Check":

Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?

De Wielerwëllen: Muss d'Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?

Inhaltlech sënnvoll oder ze grousse Workload? Wéi vill Ministerposte sollt eng Persoun besetze kënnen?

Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d'Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?

Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d'Duebelmandater nach zäitgeméiss?

Lokal Representatioun op nationalem Niveau: Géif eng zweet Parlamentskummer zu Lëtzebuerg Sënn maachen?