Bulletin vum CGDIS
4 Blesséierter e Freidegnomëtteg

Géint 12.45 e Freideg de Mëtteg waren zu Diddeleng an der Route de Volmerange 2 Autoen aneneegerannt.
1 Persoun gouf hei blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.
Géint 15.50 Auer gouf et dann en Accident zu Rodange an der Route de Luxembourg. Hei goufen et 2 Blesséierter. D'Pompjeeën an zwou Ambulanze vu Péiteng waren hei am Asaz.
Um 16.55 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech zu Bur 2 Autoen ze pake kruten. D'Pompjeeë vu Mompech an d'Ambulanz vu Mäertert waren op der Plaz.
Am meeschte gelies