An enger Woch wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. An der grousser Debatt op der Tëlee war et Zäit, fir en éischte Bilan vum Walkampf ze zéien.

Déi eng Parteien hunn et begréisst, dass d'Steierpolitik sech als ee Punkt erauskristalliséiert huet, op deem et grouss Differenze ginn. Anerer waren der Meenung, dass d'Leit dobaussen aner Suergen hunn, déi deels ganz konkret an individuell sinn. Et war kee Wonner, dass d'Fro no der Zukunft vum Land eng deels hëtzeg Debatt entfacht hat. Lëtzebuerg brauch eng gewësse Croissance, do waren déi zéng Invitéeë sech eens. Mä wéi d'Land demografesch a wirtschaftlech wuesse soll, do goungen d'Meenunge ganz wäit auserneen. Och doriwwer, wéi dee Räichtum verdeelt soll ginn. Konkret Propose goufe gemaach a vum Vis-à-vis nees kritiséiert. Fair blouf et meeschtens.

Am drëtten Deel vun dëser Debatt hunn d'Parteien erkläert, wéi ee Resultat si sech bei dëse Walen erhoffen.

Och wann e Sonndeg jo déi 60 Deputéiert fir en neit Parlament gewielt ginn, hunn d'Invitéeë sech op e puer Gedankespiller agelooss, wéi d'politescht Kräfteverhältnis nom 8. Oktober kéint ausgesinn.

Invitéiert waren:

Paulette Lenert - LSAP
Lex Delles - DP
François Bausch - déi Gréng
Luc Frieden - CSV
David Wagner - déi Lénk
Fred Keup - ADR
Marc Goergen - Piraten
Frank Engel - Fokus
Ali Ruckert - KPL
Roy Reding - Liberté-Fräiheet

D'Table Ronde a Gebäerdesprooch