Police warnt viru schlechte StroosseverhältnisserBei 13 Accidenter de Moie goufe véier Foussgänger ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Reen en Dënschdeg de Moien ass et op de Stroossen uechter d'Land méi rutscheg. D'Police rappeléiert, opzepassen an d'Vitess un d'Wiederkonditiounen unzepassen.
© Kim Jinhong

En Dënschdeg de Moie (Stand 8:30 Auer) goufen der Police eng 13 Accidenter gemellt, bei deenen ënnert anerem véier Foussgänger ugestouss goufen.

Duerch de staarke Reen, besonnesch wärend der Däischtert, sinn d'Stroossen immens naass. D'Police rappeléiert dowéinst besonnesch gutt opzepassen an d'Vitess de Wiederkonditiounen unzepassen. Duerch déi ageschränkt Siicht ass et besonnesch wichteg, säi Ëmfeld gutt am Bléck ze halen.

Back to Top
CIM LOGO