Dräi BlesséierterOp der Tréierer A1 krute sech zwee Autoen ze paken

RTL Lëtzebuerg
Am Lokalen huet de CGDIS e Sonndeg de Moien méi en uergen Accident mat dräi Blesséierten op der Tréierer Autobunn gemellt.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Géint 20.40 Auer e Samschdeg den Owend krute sech kuerz nom Sennengerbierg a Richtung Däitschland zwee Ween ze paken. Dräi Leit si wéi gesot dobäi verwonnt ginn. Direkt zwee Noutdoktere vum Stater Samu waren op der Plaz, wéi och d’Secouristen aus der Stad a vun Nidderaanwen.

Géint 00.50 Auer ass dann nach en Auto op d’Kopp gaangen, dat um CR106 tëscht Habscht a Schweech. Hei gouf et ee Blesséierten ze bekloen. D’Pompjeeë vu Stengefort a Biekerech waren am Asaz.

E Sonndeg am Nomëtte géint 13.17 Auer gouf et eng Chute vun engem Motorradschauffer tëschent Furen a Veianen. Hie gouf dobäi blesséiert.

E weidere blesséierte Motorradsfuerer gouf et géint 17.02 Auer tëschent dem Wäissenhaff an dem Riesenhaff. Hei sinn zwee Motoen aneneegerannt.

Back to Top
CIM LOGO