Am 3. a leschten Deel vum RTL-Interview mam Patron vun der SES geet et e Mëttwoch ëm de Wuesstem an de Finanzement vun de Pensiounen zu Lëtzebuerg.

A senger Qualitéit als President vum Conseil National des Finances Publiques huet de fréieren héije Fonctionnaire aus dem Finanzministère a Patron vun der SES Romain Bausch am Journal en Dënschdeg erkläert, firwat hien iwwerzeegt ass, dass Steiererliichterunge sech net iwwert Wirtschaftswuesstem finanzéiere loossen. Am drëtten a leschten Deel vum laangen RTL-Interview goung et e Mëttwoch eben ëm de Wuesstem an och ëm de Finanzement vun onse Pensiounen, wat zu Lëtzebuerg nach méi komplex ass duerch déi héich Zuel u Frontalieren an Net-Lëtzebuerger, déi am Land schaffen.

Deel 2: Steiererliichterunge kënne Wuesstem schafen, awer net iwwer Wuesstem finanzéiert ginn

Steiererliichterunge kënnen net iwwert Wuesstem finanzéiert ginn, seet de President vun der CNFP Romain Bausch.

Ier hien Top-Manager vun der SES ginn ass, war de Romain Bausch ee vun de wichtegste Staatsbeamten als Administrateur général am Finanzministère - eng Experienz, déi hien haut abréngt a senger Qualitéit als President vum Conseil National des Finances Publiques. Am zweeten Deel vun onsem laangen Interview geet et dann och ëm d'Staatsschold an d'Steieren an d'Fro, ob dat opgoe ka mat der versprachener Stiererliechterung fir jiddereen, déi sech selwer finanzéiert iwwer Wirtschaftswuesstem? "Dat funktionéiert net! Dat ass ganz kloer... wann der de Konsum e bësse mi liicht maacht doduerch, dass dir Steieren erofsetzt, dann ass e klengen Deel zu Lëtzebuerg, mee e groussen Deel gëtt exportéiert. Dofir eng Steiererliichterung finanzéiert sech net nëmmen duerch wirtschaftleche Wuesstem, et kann zu wirtschaftlechem Wuesstem féieren, mee dat geet net duer, fir eng Erliichterung ze finanzéieren!"

Deel 1: Fréieren SES-CEO gëtt vun der prestigiéiser Arthur C. Clarke Foundation geéiert

Ee vun de grousse Lëtzebuerger Patrone gëtt en Donneschdeg an den USA fir säi Liewenswierk geéiert. De Romain Bausch kritt de "Life Achievement Award" vun der prestigiéiser Arthur C. Clarke Foundation, e Präis, deen ënner anerem schonn e Stephen Hawking, Jeff Bezos oder Elon Musk kruten.

Wéi vill Potential huet de Marché nach, och dee vum Space allgemeng fir Lëtzebuerg? Kann eng SES mat de Firme vu Musk oder Bezos mathalen? Wéi staark sinn d’Europäer iwwerhaapt nach an der Innovatioun am Verglach mat der US-Konkurrenz, awer och där vu China?

Am RTL-Interview, dee leschte Freideg opgezeechent gouf, bléckt de Romain Bausch zréck op seng Karriär als President a CEO vun der SES zeréck, déi hien zu engem vun de grousse globalen Acteuren am Satellitteberäich gemaach huet. Mat enger klorer Strategie, mee engem Succès, deen net garantéiert war, an engem Business, wou d’Risike grouss sinn an et ëm Milliarde geet.

"Dat sinn zweeërlee Risiken: dat eent ass e Feelstart bei engem Satellit, dat ass schonns zweemol geschitt. Bei deenen aneren Entwécklungen ass et esou, wann do eppes an d'Box geet, dass een da selbstverständlech eng Entwécklung verpasst, och vläicht een Ëmsaz net kritt, mee do sëtzt een awer net d'Gesellschaft a Gefor."

Ass et e Cliché oder stëmmt et, dass een och grad dorausser léiere kann?

"Jo, et mécht een et net fir d'Zweet, dat ass kloer!"