Marc Ruppert gouf als President confirméiert
© Fokus
D'Partei Fokus huet weder bei de Gemengewalen nach elo bei de Parlamentswalen e Mandat ergattert. Mä si wëll net opginn, wéi um Kongress däitlech gouf.
100 Leit wären e Samschdeg present gewiescht, mellt d'Partei. Et hätt een zwou propper Walcampagnen hannert sech. Bei den Nationalwalen krut Fokus 2,5 Prozent vun de Stëmmen. Et wéilt een déi staatlech Ënnerstëtzung gutt asetzen, fir dat Resultat bei den nächste Walen auszebauen.
De Marc Ruppert gouf als President confirméiert, de Frank Engel als Spriecher vun der Partei. Hei gouf et keng Géigekandidaturen. Generalsekretärin gëtt d'Anne Winter.
All ze kritesch Téin vis-à-vis vun der neier CSV-DP-Regierung gouf et de Samschdeg de Moien nach net. Fokus wéilt d'Regierungsaarbecht konstruktiv begleeden an elo mol ofwaarden, wéi de Programm a Musek ëmgesat gëtt.