An der zoustänneger Chamberkommissioun huet den Aarbechtsminister Georges Mischo de Volet Aarbecht am Koalitiounsaccord tëscht CSV an DP presentéiert.

Kapitel "Aarbecht" aus dem Koalitiounsaccord presentéiert / Rep. Marc Hoscheid

Ma virun der Dier gouf hie vu ronn 30 OGBL-Manifestante begréisst, déi ee Protestpiquet wéinst der Situatioun bei Ampacet zu Diddeleng organiséiert haten. Duerch dës Aktioun sollt Solidaritéit mat der Beleegschaft demonstréiert ginn. Zanter dem 27. November gëtt zu Diddeleng gestreikt, d'Gewerkschafte reprochéieren der Direktioun, datt si d'Conciliatiounsprozedur dozou genotzt hätt, de Kollektivvertrag eesäiteg ze kënnegen, obwuel de Betrib Millioune-Beneficer maache géing. D'Direktioun weist des Reprochen zeréck. Et hätt een duerchaus probéiert, een Accord mat de Gewerkschaften ze fannen. De Georges Mischo huet no engem kuerzen Echange mat den Demonstranten erkläert, datt d'Regierung an engem éischte Schratt mol weider op den direkten Dialog tëscht de Sozialpartner setzt.

Georges Mischo zu Tarifverhandlungen / Reportage Marc Hoscheid

"Mir respektéieren oder ech respektéieren natierlech d'Tarifverhandlungen, mee ech hu lo och mam Lex Delles, dem Wirtschaftsminister, gëschter natierlech op d'OGBL-Schreiwes geäntwert, wou mer soen, datt souwuel den OGBL wéi och Ampacet dozou opfuerderen, sech nach eng Kéier un de Verhandlungsdësch ze setzen. Wann do näischt sollt derbäi rauskommen, datt mer dann zwou getrennten Entrevuen, eng mat Ampacet an eng mam OGBL géifen organiséieren."

RTL

© Marc Hoscheid

Hie selwer kéint iwwerdeems net vill méi maachen.

D'Roll vum Minister ass net déi vum Mediateur, betount de Georges Mischo

"Et ass am Fong sou, datt ech als Aarbechtsminister net ka Mediateur oder Conciliateur oder Faciliateur spillen. Dat ass net am Code du travail virgesinn. An en plus, wann ech dat lo an deem heite Fall géing maachen, da kommen ech do net méi raus. Dann ass bei all Kollektivvertragsverhandlungen, wou dann de Minister muss hannenno Mediateur spillen."

De Georges Mischo huet zudeem betount, datt et a sou Fäll wichteg wier, béid Klacken ze lauden, fir sech selwer kënnen ee Bild ze maachen. D'Wourecht géing ëmmer iergendwou an der Mëtt leien.

Mischo presentéiert Kapitel Aarbecht an der Chamber: Oppositiounsparteie kritiséiere vage Aussoen an Inkoherenzen

An den Deeg a Wochen no der Vereedegung vun der neier Regierung defiléieren déi verschidde Ministeren an den zoustännege Chamberkommissiounen, fir déi Kapitelen aus dem Koalitiounsaccord ze presentéieren, déi an hiren Zoustännegkeetsberäich falen. E Mëttwoch huet de Georges Mischo de Volet Travail virgestallt. Datt hien dobäi mat deels méi zolittem Géigewand konfrontéiert war, huet den Aarbechtsminister net iwwerrascht. Kritik gouf et ënnert anerem dorunner, datt Sonndes méi geschafft soll kënne ginn. Ma de Georges Mischo wiert sech géint den Androck, datt zukünfteg an all Branche d'Weekender duerchgeschafft ka ginn.

Georges Mischo zu Demande vu Salariéeë fir méi Sonndes ze schaffen

"Dat ass jo entweder véier Stonnen all Weekend oder aacht Stonnen all zweete Weekend. Dat si jo verschidde Modeller, dat ass och net iwwerall applicabel. Mir hunn och gesot, datt mer déi verschidde Secteure wéilten definéieren. Vente en détail, wat ass Vente en détail? Do si verschiddener, déi si ganz kreativ, wann et drëm geet, fir awer de Weekend ze schaffen. A mir mussen och kucken, wat fir eng Secteuren et betrëfft."

Et misst een och d'Ouvertureszäiten definéieren, dat fir ze garantéieren, datt de Salarié geschützt ass an net ausgebeut gëtt. Den Aarbechtsminister ënnersträicht dann och, datt et duerchaus eng Demande vun enger Partie Salariéeë wier, fir Sonndes schaffen ze duerfen, well se da méi verdéngen. Et wier net just eng Fuerderung vum Patronat oder eng Iddi vun der Koalitioun. Bei där Fro géif et net just Schwaarz a Wäiss.

Iwwert d'Parteigrenzen ewech war ee sech bei der Oppositioun doriwwer eens, datt dem Aarbechtsminister seng Erklärungen änlech vag gewiescht wiere wéi de Koalitiounsaccord u sech. De François Bausch vun deene Gréngen huet drun erënnert, datt dat haitegt Aarbechtsrecht iwwert Joerzéngten erkämpft gi wier. Dowéinst wier et wichteg, präzis ze sinn. Dat wier awer beispillsweis bei der Referenzperiod net de Fall.

"Wa gesot gëtt, de Plan d'organisation du travail oder d'Referenzperiod, mir wëllen déi zur Dispositioun stellen, da wéisst ech gär, wat d'Regierung wëllt. Wëllt se da mat de Sozialpartner diskutéieren, fir se ze iwwerzeegen, datt zum Beispill d'Referenzperiod am Gesetz, sou wéi se haut ass, op véier Woche verännert gëtt, datt se gehéicht gëtt? Oder wat heescht dat dann och par Rapport zum Plan d'organisation de travail? An do hunn ech keng Äntwerte kritt."

Och den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten hätt sech méi Detailer gewënscht. Ma scho bei deem, wat bis elo um Dësch läit, gesäit hien eng Partie Inkoherenzen.

"D'Regierung schreift sech grouss op de Fändel, se wéilt d'Work-Life-Balance verbesseren. A da puer Kapitele méi wäit seet se, jo mee d'Wocherouzäite solle gekierzt ginn, d'Sonndesaarbecht soll op aacht Stonne eropgesat ginn. Do kënnt de Work-Life net an d'Balance, dat geet zu Laaschte vum Life an dat ass just fir de Work."

De Marc Baum vun deene Lénke geet a senger Kritik nach ee Schratt méi wäit. Am Koalitiounsaccord géif et guer keng fortschrëttlech Elementer, déi zum Wuel vun de schaffende Leit wieren. Par Konter géing den Text eng ganz Partie konservativ bis reaktionär Punkten enthalen.

"De Mindestloun gëtt net strukturell an d'Luucht gesat, entgéint de Recommandatioune vun der EU-Kommissioun. D'Aarbechtszäite sollen éischter au détriment vun de Salariée flexibiliséiert ginn, et ginn nei Aarbechtsbedingungen agefouert, déi mengen ech och net am Interêt sinn, datt d'Leit och lo sonndes schaffe gedoe kënne ginn, datt d'Rouzäite vun de Salariéen, déi am Moment 44 Stonne betreffen tëscht zwou Wochen, datt déi kënnen erofgesat ginn."

Et géing a Richtung vu méi Sozialofbau a méi Hamsterrad. Wärend d'Piraten net an der Chamberkommissioun Aarbecht vertruede sinn, huet sech den ADR-Deputéierte Jeff Engelen net vis-à-vis vun der Press geäussert.